Weltmeeschterschaft am Schi-AlpinCatherine Elvinger beim Riseslalom op Plaz 76

Op der Weltmeeschterschaft am Schi-Alpin zu Sankt Moritz an der Schwäiz, geet d'Goldmedaile am Riseslalom un d'Tessa Worley aus Frankräich.

© pressphoto.rtl.lu (Archiv)
Um Podium stoungen och nach d'Amerikanerin Mikaela Shiffrin an d'Sofia Goggia aus Italien.

Um Depart war mam Catherine Elvinger och eng Lëtzebuergerin.

Si koum am éischte Laf op déi 76. Plaz an huet sech net fir den zweete qualifizéiert. D'Lëtzebuergerin hat e Retard vun iwwer 13 Sekonnen op d'Tessa Worley aus Frankräich, déi d'Beschtzäit am éischte Laf gefuer war.

Um Donneschdeg war och d'Qualifikatioun fir de Riseslalom bei den Hären. De Max Castermans war hei den eenzege Lëtzebuerger Vertrieder. Nom zweete Laf koum de Max Castermans op déi 66. Plaz mat engem Retard vun 28 Sekonnen an 86 Honnertstel. Déi international Schifederatioun huet en Donneschdeg den Owend decidéiert, dass de Lëtzebuerger no dëser Leeschtung e Freideg an der Haaptcourse ka starten.