Radio Sport-Club vum 17. FebruarEric Glod wëllt onbedéngt Dëschtennis-Champion ginn

De Weekend sinn d'Lëtzebuerger Eenzelmeeschterschaften am Dëschtennis.

Radio - Sport Club: Eric Glod (17.02.2017)
Sport total mat eisem sportlechen Invité vun der Woch.
Radio Sport-Club: Eric Glod



Den Eric Glod ass ee vun de Favoritten, wann de Weekend an der Coque d'national Eenzelmeeschterschaften am Dëschtennis sinn. Virun zwee Joer war den 23 Joer ale Spiller vu Wëntger, deen zu Wien trainéiert, an der Final, zejoert war Schluss an der Halleffinall. All Kéier war de Gilles Michely nach eng Nummer ze staark. Dëst Kéier kéint et klappen.

An de leschte Méint huet de Lëtzebuerger Nationalspiller seng Trainingsorganisatioun zu Wien e bësse missen ëmstellen, nodeems d'Werner Schlager Akademie, an där den Eric Glod trainéiert hat, Faillite huet missen umellen.

De Gilles Michely war den Iwwerraschungsgaascht vum Eric Glod am Radio Sport Club. De Champion sortant, deen op eent gesat ass, gesäit awer éischter de Spiller vu Wëntger an der Favoritteroll.

Den Eric Glod ass op zwee gesat, an esou kann hien de Gilles Michely eréischt fréistens an der Final begéinen.

Am Moment studéiert den Eric Glod nach zu Wien Germanistik. Eng Proficarrière wär en Zil. Just, datt ee vun Dëschtennis net ka liewen, wann een net grad Timo Boll heescht.

Net méi spéit wéi e Méindeg gouf jo de fréieren Olympionik Laurent Carnol als déi physesch Ulafstell fir d'Dual-Karriäre vun de Leeschtungssportler, offiziell virgestallt. Och do war jo scho riets, datt nieft der Elite-Sportsektioun vun der Arméi, et eng gutt Saach wär, wann et hei zu Lëtzebuerg, och eng zivil Struktur géif ginn, fir finanziell a sozial ofgeséchert ze sinn.

Resumé Radio Sport-Club mam Eric Glod



Radio-Sport-Club: all freides vun 13h30 bis 14h op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu. Duerno am Replay op RTL.lu (Video an Audio).



Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.