Festival Olympique de la JeunessePeter Murphy gewënnt d'Sëlwermedail iwwer 500 Meter

Um Festival Olympique de la Jeunesse Européenne zu Erzurum an der Tierkei, gëtt et eng zweete Medail fir de Peter Murphy am Short Track.

© RTL Télé Lëtzebuerg
De Short-Tracker gewënnt um Donneschdeg Sëlwer iwwer 500 Meter.

De Peter Murphy hat schonns Gold iwwer 1.500 Meter gewonnen.

Am Schi Alpin kënnt de Matthieu Osch am Slalom op déi 25. Plaz. De Lëtzebuerger hat e Retard vu knapp 19 Sekonnen op de Gewënner. 58 Schifuerer waren um Depart.


Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.