HandballChallenge Cup mam HB Diddeleng an Handball Esch

Den Handball Esch spillt d'Aachtelsfinall a Rumänien, während den HBD doheem géint eng ukrainesch Equipe untrëtt.

Den Aller-Match vum Handball Esch am Challenge Cup.© RTL Télé Lëtzebuerg
Am Handball-Championnat ass Paus, mä um europäesche Plang, an zwar am Challenge Cup, sinn den HB Diddeleng an den Handball Esch am Asaz.

Déi Diddelenger spillen de Weekend zweemol heiheem géint eng ukrainesch Formatioun, déi Escher deplacéiere sech a Rumänien fir hire Retourmatch. Wat kann ee sech vun den zwee Lëtzebuerger Vertrieder erwaarden?

 
Handball Challenge Cup / Reportage Serge Olmo



De Géigner vum HB Diddeleng an der Aachtelsfinall vum Europäesche Challenge Cup ass am Prinzip manner héich anzeschätze wéi d’Rumänen, déi géint Esch untrieden.

Den HBD spillt nämlech géint eng Equipe aus Zaporozhye aus der Ukrain. Wichteg ass et, datt déi Diddelenger zwee Mol doheem untrieden. E Samschdeg um 20 Auer an e Sonndeg um 18.
Wat wëssen déi Diddelenger Spiller iwwert hire Géigner?

Mir triede géint déi drëtt Equipe vun Zaporozhye un. Eis Géigner si relativ jonk Spiller, Ufank 20 an déi meescht si Studenten op der Uni do, schätzt de Michel Gulbicki.

De Kader vum HBD ass u sech zimlech komplett. Den Dan Mauruschatt kënnt aus enger Verletzung zréck an de Goalkeeper Thierry Hensen ass nees blesséiert. De Michel Gulbicki an d’Kollege gleewe staark un eng Qualifikatioun.

Mir sinn optimistesch. Déi ukrainesch Equipe huet am éischten Tour géint Moldawien gespillt a just knapp gewonnen. Mir denken, dass d'Equipe ze klappen ass an hoffen drop, weider ze kommen, sou den Diddelenger Gulbicki.

Wann déi Diddelenger de Weekend Aller- a Retourmatch doheem spillen, dann deplacéiere sech déi Escher op Turda a Rumänien. Am Aller-Match gouf et eng Defaite mat 4 Goaler Ecart. D’Rumäne waren op jiddwerfalls net eng Klass besser wéi den HB Esch, mä de Sacha Pulli weess, dass et guer net einfach wäert ginn…

"Et ass keng Iwwer-Equipe, mä et gesäit een awer, dass si gutt zesumme spille scho puer Joer, dass si do wierklech all Feeler ausnotzen. Ech menge mir ginn an Rumänien, mir hunn näischt ze verléieren, mer probéieren einfach dat Bescht draus ze maachen an aus eise Feeler ze leieren."

E Sonndeg vu 18 Auer un probéieren déi Escher de 4 Goaler Retard opzehuelen.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.