Volleyball WM-QualifikatiounAn der 2. Ronn waart als éischt Holland

Um Donneschdeg gouf de Spillplang vun der 2. Ronn an der WM-Qualifikatioun am Härevolleyball presentéiert.

© pressphoto
D'Lëtzebuerger Häre spillen als éischt géint de fréieren Olympiagewënner an Ausriichter vum Tournoi Holland, duerno géint d'Slowakei, Éisträich, Moldawien a Griichenland.

Iwwerhaapt waart am fréie Summer e Mammutprogramm op d'Jonge vum Coach Dieter Scholl. Ufank Mee versichen si an Island hiren Titel an der Small Countries Division ze verdeedegen, dann ass vum 23. bis 28. Mee, déi 2. Ronn an der WM-Qualifikatioun mat 5 Matcher a 5 Deeg, éier et direkt weider op d'Spiller vun de klenge Länner zu San Marino geet, wou si och d'Goldmedail ze verdeedegen hunn.