Nationaltrainer Luc HoltzDe Mario Mutsch ass nach ëmmer eng Valeur Sûre

De Nationaltrainer Luc Holtz zielt nach ëmmer op d'Leeschtung vum Mario Mutsch, bei sengem Veräi St. Gallen gesäit dat anescht aus.

© pressphoto

E Mëttwoch den Owend huet d'Football-Nationalequipe an engem Testmatch 3-2 géint Charleroi aus der Belsch gewonnen. Déi 90 Minutten iwwer stoung de Mario Mutsch um Terrain. Bei sengem Schwäizer Veräi St. Gallen schéngt de Lëtzebuerger awer keng Roll méi ze spillen.

De leschte Weekend war hie mol net am Kader. Géint Charleroi huet hien awer eng méi wéi zolidd Leeschtung gewisen. Fir den Nationaltrainer Luc Holtz, ass de Mario Mutsch nach ëmmer eng Valeur Sûre. Och wann de Mario Mutsch de Moment zu St. Gallen net vill spillt, huet een dem Luc Holtz no e Mëttwoch den Owend gesinn, datt een de Lëtzebuerger ouni Bedenke ka spille loossen. De Mario Mutsch hätt an d'Spill vun de Lëtzebuerger Sécherheet an och ëmmer nees Rou bruecht. Beim Match géint Charleroi wär de Mario Mutsch de Patron bei der FLF-Formatioun gewiescht, sou de Luc Holtz. 

Extrait Luc Holtz



De Mario Mutsch dierft also och weiderhin e Pilier vun der Lëtzebuerger Nationalequipe sinn.