WantersportBiathlon-Staffel bei den Damme fir Däitschland

Mam Max Castermans war och ee Lëtzebuerger um Freideg beim Riseslalom op der WM zu St. Moriz am Asaz.

© AFP
Op der WM am Schi-Alpin zu St. Moritz an der Schwäiz, geet d'Goldmedail un den Éisträicher Marcel Hirscher. Sëlwer ass fir säi Compatriote Roland Leitinger a Bronze geet un den Norweger Leif Haugen.

© AFP

De Max Castermans kënnt am éischte Laf vum Riseslalom op déi 72. Plaz. De Lëtzebuerger hat e Retard vun iwwer 18 Sekonnen op de Marcel Hirscher, deen déi séiersten Zäit am éischte Laf hat.

De Max Castermans hat sech net fir den zweete Laf qualifizéiert.

© pressphoto.rtl.lu (Archiv)


Am Biathlon geet d'Goldmedail an der Staffel bei den Dammen un Däitschland. Op d'Plazen 2 an 3 bei der WM zu Hochfilzen an Éisträich kommen d'Ukrain a Frankräich. Fir d'Laura Dahlmeier ass dëst schonn déi véiert Goldmedail bei dëser Weltmeeschterschaft. Si stoung schonn an der Mixed-Staffel, an der Poursuite an am Eenzel ganz uewen um Podium. Am Sprint hat déi däitsch Biathletin d'Sëlwermedail gewonnen. E Sonndeg huet d'Laura Dahlmeier am Massestart nach eng weider Chance op eng Medail.

© AFP (Archiv)