BGL Ligue - mat ville FotoenFola wënnt Derby, Racing weist Reaktioun

3:0 ka sech d'Fola géint d'Jeunesse behaapten. De Racing geet op Hamm, Munneref op Nidderkuer an Déifferdeng knapp op Péiteng wannen ...

Den éischte Match vum 18. Spilldag um Sonndeg ass tëscht Nidderkuer a Munneref gespillt ginn. Duerno war Diddeleng zu Rouspert drun an huet do seng Hausaufgab gemaach. Déi aner 5 Matcher goufen dunn um 16 Auer ugepaff.

BGL LIGUE: Resultater, Tabell, Spillplang a Liveticker fir nozeliesen hei.

FOTOGALERIE: Andréck vum Match Péiteng-Déifferdeng vum Val Wagner.

FOTOGALERIE: Andréck vum Match RM Hamm Benfica - Racing vum Maya a Robert Straus.

Nidderkuer-Munneref© Joé Haas


Nidderkuer - Munneref 1:2 (0:1)

Nidderkuer ass besser an de Match komm, an hunn de Ball besser lafe gelooss. Déi Munnerefer hu gekämpft a sinn an der 25. Minutt duerch den Selimovic a Féierung gaang.
An der 81. Minutt konnt den Olivier Thill mat engem schéine Goal ausgläichen. De Cabral konnt an der 87. Minutt vun engem Konzentratiounsfeeler an der Nidderkuerer Defense profitéieren an den 2-1 schéissen.

Nidderkuer-Munneref© Joé Haas


Jeunesse - Fola 0:3 (0:3)

Jeunesse-Fola (12.03.2017)
Den Derby am Resumé

An deenen éischten 10 Minutten war et en equilibréierten Derby, ma ab der 20. Minutt huet de Gaascht vum Gaalgebierg d'Heft an d'Hand geholl. Dat och duerch de Goal, deen an der 19. Minutt duerch de Françoise gefall ass. An der 33. Minutt huet den Hadji den 2-0 no Eelewer geschoss. An der 35. Minutt huet d'Fola den 3-0 geschoss.

Hamm - Racing 2:3 (1:2)

Am Stater Derby haten d'Gäscht dee bessere Start. An der 20. Minutt konnt den Osmanovic den 1-0 markéieren. An der 33. Minutt konnt de Cabral ausgläichen.

Kuerz virun der Paus konnten d'Gäscht duerch de Lehnen op e Neits a Féierung goen. Hamm ass besser an déi zweet Halschent komm, ma um Enn wënnt de Racing mat 3-2 géint Hamm. Den 3-2 fir de Racing huet de Sinani an der 73. Minutt geschoss.

FOTOGALERIE: Andréck vum Match RM Hamm Benfica - Racing vum Maya a Robert Straus.

RM Hamm Benfica - Racing-Union© Maya a Robert Straus


Stroossen - Käerjeng 2:0 (1:0)

No engem Korner profitéiert de Jager fir an der 9. Minutt den 1-0 fir Stroossen ze markéieren. Käerjeng war an den éischte 45 Minutten déi besser Equipe, ma et huet un der néideger Realisatioun virum Goal gefehlt. Den Agovic huet an der 80. Minutt den 2-0 markéiert.

Stroossen-Käerjeng© Yannick Zuidberg

Kanech - Rëmeleng 3:1 (0:1)

An der 7. Minutt konnt de Mokrani fir Rëmeleng markéieren. De Pedro Ferro huet an der 70. Minutt fir Kanech egaliséiert. Deen Ausgläich loung an der Loft, well schonns an der 62. Minutt sinn déi Kanecher geféierlech virum Rëmelenger Goal opgedaucht. An der 80. Minutt huet Kanech de Match gedréint an duerch den Thibault d'Féierung markéiert. An der Nospillzäit huet de Mukendi den 3-1 Schlussscore geschoss.

Rouspert  -  Diddeleng 0:4 (0:3)

D'Rollen zu Rouspert ware séier verdeelt. Déi Diddelenger sinn op d'Sauer gefuer fir déi 3 Punkten mat Heem ze huelen. An der 11. an an der 28. Minutt konnt de Stolz markéieren. An der Nospillzäit vun der éischter Halschent huet de Stolz säi perséinlech Hattrick perfekt gemaach, an d'Equipe aus der Forche du Sud konnt mat engem 3-0 Avantage an d'Paus goen. An der 67. Minutt huet den Dave Turpel de 4-0 markéiert.

Péiteng - Déifferdeng 0:1 (0:1)

Péiteng-Déifferdeng© Val Wagner

An der 10. Minutt konnt den Er Rafik fir den FCD03 markéieren. De Match war ganz equilibréiert. Déifferdeng huet um Enn eng schwaach Partie gewonnen.

FOTOGALERIE: Andréck vum Match Péiteng-Déifferdeng vum Val Wagner.

BGL LIGUE: Resultater, Tabell, Spillplang a Liveticker fir nozeliesen hei.

Péiteng-Déifferdeng© Bryan Gomes Leite


Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.