Europa LeagueSchalke, Lyon, ManU, Ajax an Anderlecht a Véierelsfinale

Et war d'Zäit fir d'Retourmatcher an der Aachtelsfinale an der Europa League um Donneschdeg den Owend.

Um 19 Auer ugepaff:

Krasnodar-Vigo 0:2
Genk-La Gantoise 1:0
Besiktas-Olympiakos 4:1

Um 21 Auer ugepaff:

Ajax
-Kopenhagen 2:0

Gladbach-Schalke 2:2

No engem Standard ass Gladbach an der 26. Minutt an de Lead gaangen. Ee Fräistouss geet vum Drmic op de Christensen, deen direkt ofzitt: De Ball gëtt vum Höwedes ofgefälscht. Keng Chance fir de Goalkeep. An der Nospillzäit vun der 1. Halschent stoung et souguer abeemol 2:0 fir Gladbach no engem perfekte Schoss aus 23 Meter an de lénken Eck vum Dahoud.

An der 54. Minutt ass et ee Malentendu an der Defense, deen de Goretzka zum Schoss aus der Distanz komme léisst. Eigentlech war de Goalkeep och drun, mee de Ball spréngt nach eng Kéier héich an iwwer de Sommer eraus an d'Netz: 2:1.
An der 68. Minutt ass et den 2:2 no engem Eelefmeter wéint Händs. De Bentaleb säi Lénksschoss schléit am lénken Eck an. Elo hätt Gladbach nach ee Goal gebraucht, fir weiderzekommen. Si hunn och Drock gemaach, mee déi Kinneksblo hate méi Gléck.

Roum-Lyon 2:1

Roum konnt doheem seng Chancen vun Ufank un net sou verwäerten. Lyon huet souguer an der 16. Minutt de Score opgemaach mat engem Goal vum Diakhaby no engem Fräistouss op der rietser Säit. Mee schonn eng Minutt méi spéit ass de Strootman iergendwéi um Ball, deen als Corner vum Rossi koum.

Réischt an der 2. Halschent, méi genee an der 60. Minutt war et abeemol nees spannend an dat no engem Selbstgoal vum Tousart.

Anderlecht-APOEL 1:0
Man United-Rostow 1:0



© afp


Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.