BiathlonVictoirë fir Laukkanen a Schipulin

Beim Weltcup zu Oslo, konnt sech bei den Dammen, d'Finnin Mari Laukkanen duerchsetzen a bei den Häre war de Russ Anton Schipulin dee Schnellsten.

© afp
D'Mari Laukkanen war no der Victoire am Sprint och an der Verfolgungscourse net ze bezwéngen. No 10 km ass d'Finnin als éischt duerch d'Zil gefuer, dat mat 26 Sekonnen Avance op d'Gabriela Koukalova. D'Justine Braisaz aus Frankräich kënnt trotz 4 Schéissfeeler op déi drëtt Plaz.

D'Victoire am Gesamtweltcup vun der Verfolgung geet un d'Laura Dahlmeier aus Däitschland. D'Laura Dahlmeier koum um Samschdeg op déi 9. Plaz.

© afp


Bei den Häre konnt de Russ Anton Shipulin sech virum Martin Fourcade an dem Norweger Johannes Thingnes Bö duerchsetzen. Beim leschte Schéissen ass de Russ feelerfräi vum Schéissstand fortkomm. De Fourcade an de Bö hunn allebéid missen an d'Strofronn.

© afp


Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.