HandballKäerjenger Trainer gëtt italienesche Nationaltrainer

Den Italiener Riccardo Trillini, aktuellen Trainer vum HB Käerjeng, gëtt neien italieneschen Nationaltrainer.

© pressphoto (Archiv)

Dës Informatioun war zanter e puer Deeg am Gespréich an huet sech um Samschdeg confirméiert.

De Riccardo Trillini ass a senger 4. Saison op der Käerjenger Bänk, a wëll des Saison awer nach fäerdeg maachen.

Extrait Riccardo Trillini



Am Championnat steet de Veräin de Moment punktgläich mat de Red Boys op der éischter Plaz an der Tabell.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.