BGL LigueVictoire fir d'Jeunesse, Diddeleng an Déifferdeng

Zum Optakt vum 19. Spilldag trenne sech d'Fola a Kanech mat 2:2. Rouspert verschenkt 3 Punkten an de leschten 10 Minutten. D'Jeunesse wënnt däitlech.

Käerjeng -  Jeunesse  1:4 (0:2)

D’Gäscht vun der Escher Grenz haten zu Käerjeng e gudde Start. Mat engem fréie Goal an der 3. Minutt konnt de Kyereh déi Escher a Féierung schéissen. De Kyereh huet mat engem freche Lupfer dem jonken Ottele am Käerjenger Goal keng Chance gelooss. Bei der Jeunesse sollt an der éischter Halschent alles klappen. Hieren zweete Schoss op de Goal an der 23. Minutt vum Soares landt och am Käerjenger Goal. Déi 2:0-Féierung fir déi Escher Jeunesse n der Paus war verdéngt. D’Jeunesse war mat deenen 2 Goaler extrem efficace, ma déi Käerjenger hu sech net opginn, sou datt een op eng spannend 2. Halschent hoffe konnt.  

© Yannick Zuidberg

De bessere Start no der Paus haten allerdéngs d’Haushäre vu Käerjeng. Mat enger Chance vum Kapitän Pit Hess gouf et eng lescht Warnung fir déi Escher. An der 66. Minutt konnt Käerjeng op 1:2 verkierzen duerch e Goal vum Alunni. D’Freed war net vu laanger dauer, well d’Jeunesse an der 67. Minutt op 3_1 duerch de Soares erhéige konnt. An der 76. Minutt huet d’Jeunesse dunn den Deckel drop gemaach, an duerch de Pinna de 4:1 geschoss.

D’Jeunesse kann deemno déi éischt Victoire mam Marc Thomé op der Trainerbänk feieren. No der schwaacher Leeschtung um leschte Spilldag géint d’Fola, ass et um Sonndeg eng souverän Victoire géint Käerjeng.

BGL Ligue: 19. Spilldag (19.03.2017)
FC Déifferdeng 03 - RM Hamm Benfica 1-0

Fola Esch - FC Kanech 2:2

D'Fola huet vum Start ewech d'Heft an d'Hand geholl a war déi spillbestëmmend Equipe. Ma déi Kanecher stounge kompakt an der Defense an et war kloer, dass d'Fola hei vill Gedold misst opbréngen. Laang ass net vill geschitt am Match, well d'Fola kee Wee fonnt huet fir dës Defense ze iwwerwannen.

An der 39. Spillminutt konnt Kanech géint de Spillverlaf a Féierung goen. Den Thibault Maquart konnt ee sougenannte Lucky Punch erzielen. Säi Schoss aus ronn 30 Meter ass nämlech am Goal gelant.
D'Fola wollt sech dat awer net gefale loossen an huet direkt reagéiert. De Laterza gouf am 16 Meter Raum vum Seck geluecht an den Här Sales huet op de Punkt gewisen. Den Hadji konnt dësen Eelefmeter souverän verwandelen.

Ma net manner ewéi 2 Minutte méi spéit konnt Kanech erëm den ale Virsprong hierstellen. De Ferro stoung no engem Fräistouss vum Dervisevic richteg a konnt den 2:1 markéieren. Mat dësem Stand ass et dunn och an d'Paus gaangen.
Nom Säitewiessel, huet Kanech weider monter matgespillt. Ma an der 61. Minutt konnt de Ryan Klapp, no engem Fräistouss vum Hadji, per Kapp den Ausgläich markéieren.
Bei dësem Resultat ass et och bliwwe bis zum Schluss. Der Fola entginn 3 wichteg Punkten géint engagéiert Kanecher.

Rouspert - Progrès Nidderkuer 2:2

Den Tabelleleschten hat dann um Samschdeg den 4. op Besuch. Domat war d'Favoritteroll séier verdeelt. Ma Rouspert huet direkt Vollgas ginn a konnt an der éischter Minutt vum Match direkt a Féierung goen. No enger Flank vum Kasel ass de de Ball op de Kapp vum Weirich komm, dee ganz eleng a roueg konnt an dem Flauss säi laangen Eck erakäppen.
Ganz iwwerraschend war Rouspert hei déi Equipe mat de bessere Chancen a mat einfach méi Chancen. Et huet ee gemierkt, dass de Wëllen elo do war bei der Victoria. Bis zur Paus ass weider kee Goal méi gefall.

Ma no der Paus huet et nëmme 6 Minutte gedauert bis déi Rousperter op 2:0 erhéije konnten. De Valente konnt de Ball aus ronn 18 Meter an de rietsen Eck schéissen. De Goalkipp vum Progrès hat keng Chance dëse gutt placéierte Schoss ze halen.

An der Schlussphase huet Nidderkuer nach eng Kéier alles no vir geheit. Sou war et an der 82. Minutt den Olivier Thill, deen ee Fräistouss aus ronn 20 Meter konnt verwandelen. Domat stoung et nëmme nach 2:1. Net méi ewéi 2 Minutte méi spéit huet de Bors no engem Feeler an der Rousperter Defense den Ausgläich geschoss. Nidderkuer erkämpft sech 1 Punkt duerch zwee Goaler an de leschten 10 Minutten.

Déifferdeng03 - RM Hamm Benfica 1:0

Déifferdeng hat den RM Hamm Benfica op Besuch. Den RM Hamm war um Samschdeg méi defensiv agestallt. Déifferdeng war dominant an huet de Match kontrolléiert. D’Jonge vum Pascal Carzaniga hunn awer net wierklech ee Wee duerch déi Hammer Defense fonnt.

An der zweeter Hallschent huet du just nach Déifferdeng gespillt. Den RM Hamm huet sech komplett zréckgezunn an et war de Vandenbroeck dee per Kapp, no enger Flank vum Holter, den 1:0 markéiere konnt.

Dono ass net méi vill geschitt, sou dass Déifferdeng hei 3 wichteg Punkte mat hëllt am Titelkampf.

© Bryan Gomes Leite


Mondorf - Stroossen 0:3

An der Ufanksphase huet Stroossen sech schonn ee liicht Iwwergewiicht erausgespillt. Ma Mondorf war virun allem an den éischten 30 Minutte keen einfache Géigner.

Ma den Edis Agovic huet an der 39. Minutt ee Wee duerch d’Defense fonnt. No enger Pass vum Ruppert hat den Agovic kee Problem den 1:0 ze markéieren. Nëmmen 3 Minutten drop war d'Munnerefer Verteidegung nach geschockt an de Jager huet dat ausgenotzt fir direkt een zweete Goal dropzesetzen.

Sou ass et och an d’Paus gaangen. An der zweeter Hallschent huet Stroossen dunn de Match kontrolléiert a Mondorf huet och kee Wee fonnt fir geféierlech virum Ralph Schon säi Goal ze kommen.

De Jager konnt an der 66. Minutt alles kloer maachen andeems hien den drëtte Goal schéisst. Stroossen wënnt also kloer mat 3:0 zu Mondorf. Stroossen kënnt Europa ëmmer méi no.

© Mike Kinn

Rëmeleng - Péiteng 0:0

De Match tëscht Rëmeleng a Péiteng war vun Ufank un ee Match mat vill Asaz awer wéinege Goalchancen. Sou ass et och wéineg verwonnerlech, dass a 90 Minutte kee Goal gefall ass. Et goufe puer geféierlech Aktiounen op béide Säiten, mee do huet dann déi néideg Konsequenz gefeelt.

© RTL


F91 Diddeleng - Racing Union 4:0

Den Tabellenéischten hat de Racing op Besuch. Diddeleng huet de Match vun Ufank u kontrolléiert. Nodeems den F91 scho vill Chancë léie gelooss hat, konnt de Pedro an der 38. Minutt den 1:0 markéieren. Mat dem Resultat huet den Här Bourgnon och béid Formatiounen an d’Paus geschéckt.

Dem Staater Racing ass awer an der Paus kee Mëttel agefall fir déi Diddelenger ze stoppen, well se hunn do weider gemaach wou se opgehalen hunn. Dominant an engagéiert ass den F91 opgetrueden an dat gouf an der 70. Minutt belount, well do konnt den Dan Da Mota op 2:0 erhéijen.

Den Da Mota krut ee laangt Zouspill an d'Spëtzt, de Ruffier koum eraus sou dat den Da Mota zum Lupfer konnt usetzen an deen och am Goal ënnerbruecht huet.

Diddeleng hat ëss awer nach net genuch. No engem Corner an der 88. Minutt kann de Malget de Ball zum 3:0 era käppen.

Den Dan Da Mota konnt op Virlag vum Sanel Ibrahimovic nach een zweete perséinleche Goal markéieren an domat op 4:0 stellen.

Diddeleng wënnt souverän géint de Racing a behaapt déi éischte Plaz am Championnat. Si hunn ee Punkt Avance op Déifferdeng an der 5 op d'Fola.


All d'Resultater am Iwwerbléck

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.