Rugby England wënnt den Tournoi des 6 Nations

Um 5. a leschte Spilldag vum Tournoi des 6 Nations am Rugby huet Irland iwwerraschend de Schlussgewënner England mat 13:9 geklappt.

© AFP
No 18 Victoiren noeneen huet England um Samschdeg domadder mol erëm eng Kéier verluer.

Irland hat am November 2016 schonn eng Kéier enger Serie vun 18 Victoire en Enn gesat. Deemools waren et d'All Blacks aus Neiséiland, déi hu missen dru gleewen.  

Donieft huet Schottland um leschte Spilldag vum Tournoi des 6 Nations 29 op 0 géint Italien gewonnen a Frankräich klappt Wales mat 20 op 18.