HandballRed Boys a Käerjeng verléieren, Esch elo Leader

Am Handball-Championnat war et e Samschdeg den Owend den zweete Spilldag vum Playoff.

Handball: 2. Spilldag Titelgrupp (19.03.2017)
HC Bierchem - Red Boys 37-28
Den aktuelle Champion Déifferdeng huet no 8 Victoiren noeneen um Samschdeg eng Defaite missen astiechen. An der Paus lounge si mat 16:19 zu Bierchem hannen. Och an den zweeten 30 Minutten ass et de Red Boys net gelongen d'Partie ze dréinen. Amplaz, dass de Champion de Réckstand verkierze konnt, huet d'Lokalformatioun dëse weider ausgebaut. Um Enn wënnt Bierchem mat 37:28 géint d'Red Boys.

Den HB Diddeleng ka sech mat 34:31 géint Käerjeng behaapten. An der Paus loung den HBD mat 16:15 a Féierung. Nodeems de Käerjenger Trainer Riccardo Trillini um Samschdeg matgedeelt hat um Enn vun der Saison beim Veräin opzehalen, well hien Nationaltrainer an Italien gëtt, huet seng Equipe also verluer.  

Käerjenger Trainer gëtt italienesche Nationaltrainer

Den HB Diddeleng huet vir säin Deel nach matgedeelt, dass de Jimmy Hoffmann vun der nächster Saison u fir den HBD spillt. De Lëtzebuerger spillt de Moment an der Däitscher Oberliga vum Handballverband Mittelrhein fir de Longericher S.C.

Den HB Esch huet vun den Defaitë vu Käerjeng an de Red Boys profitéiert. Si konnte sech nämlech kloer mat 43:21 zu Péiteng behaapten a stinn elo un der Spëtzt vun der Tabell. Op de Plazen 2 an 3 stinn d'Red Boys a Käerjeng, déi allebéid 1 Punkt Retard op den HB Esch hunn.

D'Championnat bleift also weiderhi ganz spannend. 

Bei den Damen ass et och de Weekend den 2. Spilldag am Titelgrupp:

Diddeleng  huet mat 24:10 géint Dikrech gewonnen.

Péiteng verléiert 24 op 35 géint de Standard.

Um Freideg hat sech de Coupegewënner Museldall mat 32:21 géint Käerjeng behaapt.



All d'Resultater an d'Tabell

 

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.