Biathlon Tiril Eckhoff séchert sech lescht Victoire vun der Saison

Beim leschte Biathlon-Weltcup vun der Saison zu Oslo a Norwegen gouf et bei den Dammen am Massestart eng Victoire fir d'Norwegerin Tiril Eckhof.

© AFP

Um Podium stoungen nach d'Tschechin Gabriela Kukalova an d'Finnin Kaisa Mäkäräinen.

Bei den Häre gouf et eng Victoire fir de Gesamtweltcupgewënner Martin Fourcade. De Fransous konnt sech virum Lett Andrejs Rastorgujevs an dem Éisträicher Simon Eder.

© AFP


De Martin Fourcade huet nieft dem Gesamtweltcup och alleguer déi aner Disciplinne fir sech entscheet.

Mat 14 Weltcup-Victoiren huet hien och de Rekord vun der Schwedin Magdalena Forsberg agestallt.