BundesligaSchalke wënnt knapp zu Mainz, Bayern baut Avance aus

Um Sonndeg ka Schalke de positiven Trend an der Bundesliga weiderféieren, während et fir Mainz 05 ëmmer méi an den Tabellekeller geet.

Schalke kann nom leschte Spilldag och um Sonndeg nees an der Bundesliga gewannen. Mainz ass elo just nach 2 Punkten vun der Barageplaz fort.

Mainz  -  Schalke   0:1  (0:0)

Eng ganz schwaach éischt Halschent huet een zu Mainz gesinn. Béid Formatiounen hu sech schwéier gedoe fir geféierlech virum géigneresche Goal opzedauchen. D’Gäscht vu Gelsenkirchen hunn déi éischt 20 Minutten den Tempo uginn, ma waren dobäi ni geféierlech. Déi lescht 15 Minutten an der éischter Halschent hunn d’Haushäre vu Mainz déi eng oder aner offensiv Aktioun probéiert, dat awer ouni Succès.

Resultater, Spillplang an d'Tabell fann Dir hei.

No der Paus konnt Schalke séier markéieren. An der 50. Minutt huet de Kolasinac fir Schalke getraff.  Nom Goal huet Mainz ëmmer méi verkrampft gewierkt, während Schalke stabill ginn ass, an net méi vill zougelooss huet. Déi Mainzer hunn et déi lescht 7 Minutte mat ville laange Bäll probéiert, ma och dat ass ouni Succès bliwwen.

Gladbach  -  Bayern  0:1  (0:0)

An der éischter Halschent huet Gladbach dat gutt gemaach. Bayern war mat 72 % Ballbesëtz héich iwwerleeën, ma e Goal konnte si net markéieren. Gladbach stoung hanne gutt a konnt esou de Géigegoal verhënneren. D’Münchener Gäscht sinn awer roueg bliwwen. Si hunn de Ball gutt zirkuléiert, ma an déi geféierlech Zonen ass den Tabelleleader aus dem Däitsche Süde net komm.  

An der zweeter Halschent hunn d’Fohlen et weider gutt gemaach, ma an der 63. Minutt konnt de Müller den 1-0  fir Bayern markéieren.

Um Enn geet deen ee Goal de Münchener duer fir déi 3 Punkte mat Heem ze huelen.



 

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.