Tournoi des Six NationsEngland gewënnt, ma verpasst Grand Slam a Rekord

De leschte Weekend ass mam Tournoi des 6 Nations dee gréisste Rendez-vous vum Joer am internationale Rugby op en Enn gaangen.

De Gewënner stoung schonns virum 5. a leschte Spilldag fest, d'Englänner haten nämlech déi éischt 4 Matcher fir sech entscheet.
Et sollt dowéinst awer net manner interessant ginn ...

Rugby 6 Nations: Rep. Jeff Kettenmeyer



Déi grouss Fro war, ob et den Englänner geléngt, fir de Grand Slam perfekt ze maachen, also de ganzen Tournoi iwwer all Match ze wannen.

D'Äntwert ass: Nee!

Mat 9 op 13 huet ee beim Noper an Irland verluer.

Domat verpassen d'Englänner net nëmmen hir 5. Victoire am 5. Match vum Tournoi des Six Nations, mä hunn och no am Ganzen 18 ongeschloene Partië missten déi éischt Defaite a Kaf huelen - 19 Victoiren hätten en neie Rekord bedeit.

An der Ofschlosstabell konnte sech d'Englänner awer virun den Ire behaapten.

Op déi drëtte Plaz koum dëst d'Joer Frankräich.

Eis franséisch Nopere konnte sech um Enn in extremis mat 20 op 18 géint Wales duerchsetzen.

Dëse Match geet och an d'Geschichtsbicher an.

No de regulären 80 Minutte war Wales nach 18 op 13 vir, dunn huet den Arbitter 20 Minutte nospille gelooss, an d'Fransouse konnte vun hirer allerleschter Chance profitéieren, fir dach nach ze wannen.

Knapp 80.000 Spectateuren hunn de Stade de France opliewe gelooss.



Den Trainer vun de Fransousen, Guy Novès huet op der Pressekonferenz nom Match als éischt missten duerchootmen - esou eppes hätt hien nach net erlieft ...

Déi lescht Plaz war och dëst d'Joer nees fir Italien.

D'Italiener hu kee Match gewonn a sinn och um leschte Spilldag mat 0 op 29 a Schottland ënner d'Rieder komm.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.