FootballMario Mutsch wiesselt bei de Progrès Nidderkuer

Et hat sech ugedeit, ma elo ass et offiziell. De Lëtzebuerger Nationalspiller wiesselt fir déi nächst Saison bei de Progrès Nidderkuer an d'BGL Ligue.

© pressphoto (Archiv)
De Lëtzebuerger stoung zanter der Saison 2012/2013 beim Schwäizer Veräin St. Gallen um Terrain. An de leschte Méint hat den Trainer do awer net méi op hie gesat. De Lëtzebuerger war ganz wäit ewech vun den éischten 11.

Den 32 Joer ale Mutsch ass schonns de 4. Transfert vum Progrès fir déi nei Saison. Virdrun hate schonn de Mike Schneider (RM Hamm Benfica), de Ben Vogel (Victoria Rouspert) an de Charly Schinker (US Rëmeleng) beim Progrès e Kontrakt ënnerschriwwen.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.