Leschte Kilometer + Reaktioun Jungels am VIDEOValverde gewënnt, Jungels kuerz virun Arrivée agefaangen

28 Kilometer virun der Arrivée huet de Bob Jungels attackéiert a konnt sech e bëssen ofsetzen, ma gouf e puer Meter virun der Arrivée agefaangen.

Flèche wallonne: De leschte Kilometer vum Bob Jungels (19.04.2017)
28 Kilometer virun der Arrivée huet de Bob Jungels attackéiert a konnt sech e bëssen ofsetzen, ma gouf e puer Meter virun der Arrivée agefaangen.
Ronn 30 Kilometer virun der Arrivée ass den Alessandro Marchi (BMC) op der Mur de Huy aus dem Peloton erausgefuer. Just de Bob Jungels (Quick-Step) konnt mam Italiener matgoen. Ronn 25 Kilometer virun der Arrivée hate si 25 Sekonnen Avance op de Peloton. Déi Avance konnte si bis 15 Kilometer virun der Arrivée halen an op den zwee Kilometer dono nach ausbauen.

© RTL Screenshot


Dunn, 13 Kilometer virun der Arrivée ass de Bob Jungels eleng op d'Rees gaangen. Säin Ecart konnt hie op iwwer 50 Sekonnen ausbauen. Ma hannert him am Peloton hu se den Tempo nach eng Kéier ugezunn, sou datt dem Lëtzebuerger Champion säin Ecart nees op 25 Sekonne geschmollt ass, dat 3,5 Kilometer virun der Arrivée.

Fléche Wallonne: Victoire Valverde (19.04.2017)
Valverde gewënnt, Jungels kuerz virun Arrivée agefaangen




Ronn 300 Meter virun der Arrivée gouf de Bob Jungels awer nach vum Peloton agefaangen. Hei konnt sech dono de Spuenier Alejandro Valverde duerchsetzen. Fir hien ass et déi fënnefte Victoire vun der Flèche Wallonne, dovunner 4 Stéck an de leschte 4 Joer.





De Lëtzebuerger Champion ass als 39. iwwer d'Arrivée gefuer, mat engem Retard vun 53 Sekonnen op de Gewënner. Hie sot no der Course, hie wier awer zefridden. D'Enttäuschung huet sech a Grenze gehalen. Hien huet gewisen, dass d'Form en vue vun den nächste Coursen do ass.

Reaktioun Bob Jungels (19.04.2017)
no der Course


Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.