Giro d'ItaliaSprint fir Gaviria, Rosa fir Dumoulin, Wäiss fir Jungels

Eng kleng Echappée hat sech forméiert, ma d'Equippe vun de Sprinter hate keen Interêt drun, si fueren ze loossen.

Ee vun de Leader ass op der 13. Etapp net un den Depart gaangen. De Geraint Thomas, Co-Leader vu Sky, huet missen opginn, nodeem hien e Samschdeg an eng Chute verwéckelt war an d'Péng a sengem Knéi ass ëmmer méi schlëmm ginn. Hien hat als 15. e Retard vu ronn 7 Minutten op de Maglia Rosa.

Déi 13. Etapp ass reng fir d'Sprinterequippen, well et keng richteg Montée gëtt. Hir Equippe wäerten dann och alles probéieren, fir d'Echappée net wäit fortkommen ze loossen. Wéi d'Coureuren sech op esou eng Etapp virbereeden huet eng Equipe vun der Tëlee beim Ben Gastauer nogefrot. 

Giro 13. Etapp: D'Preparatioune vum Ben Gastauer (19.05.2017)
Wéi gesinn déi leschte Stonne vun engem Coureur virum Depart vun enger Etapp am Giro aus? Eng Equipe vun der Tëlee huet de Ben Gastauer suivéiert.


Nees e Sprint an nees heescht de Vainqueur Fernando Gaviria. De Sprinter vun Quick Step Floors huet seng 4 Etapp gewonnen an elo e ganz grousse Virsprong an der Lutte ëm de Maglia Ciclamino. Keng Changementer gouf et awer an den anere Classementer, well de Bob Jungels an de Ben Gastauer, wéi och all d'Favoritten am Giro, kruten déi selwecht Zäit opgeschriwwen, wéi de Gewënner.

Giro 13. Etapp: Gaviria wënnt seng 4. Etapp (19.05.2017)
De Fernando Gaviria huet den anere Sprinter nees eng Kéier keng Chance gelooss an de Virsprong an der Lutte ëm de Maglia Ciclamino weider ausgebaut.

De Bob Jungels behält um Freideg de Wäisse Maillot an den Tom Dumoulin bleift am Maglia Rosa.





4 Leit hu sech scho fréi probéiert ofzesetzen, ma den Albanese (BRD), Brutt (GAZ), Van Zyl (DDD) an Mohoric (UAD) koumen net wierklech wäit fort. Séier hate si annerhallef Minutt Ecart, ma dono ass et just lues eropgaangen. De Van Zyl konnt awer net laang mat dobäi bleiwen, sou datt dräi Coureure vir bliwwe sinn. No 79 Kilometer waren et 2 Minutten an 30 Sekonnen, no 100 Kilometer knapp 2 Minutten. 50 Kilometer virun der Arrivée waren et nach knapp 1 Minutt an 30 Sekonnen, also wéineg Chancen, fir den Etappegewënner ënnert sech auszemaachen. An den nächsten 10 Kilometer konnte si hiren Ecart awer halen, och well de Peloton si net ze fréi afänke wollt.




Bei 31 Kilometer ass den Ecart dunn op ënner 1 Minutte gefall an en ass weider konstant erofgaangen. 22 Kilometer virun der Arrivée goufe si dunn agefaangen an de Sprint gouf esou lues preparéiert, den Tempo war héich, esou datt verschiddener hu misse lassloossen. Esou richteg lancéiert gouf de Sprint awer nach net, d'Vitess wat net all ze héich, wat och op de ville Wand zeréckzeféiere war.




Eng Attack gouf et 3,5 Kilometer vum Pozzato (WIL), ma hie gouf direkt nees agefaangen. Dono war et esou richteg lancéiert an d'Vitess war héich.  Et war eng Vir an et gouf vill gekämpft a gedréckt, ma zum Schluss konnt sech nees de Fernando Gaviria duerchsetzen, deen domadder och säi Virsprong an der Lutte ëm de Sprintermaillot ausbaue konnt. Fir d'Sprinter war et déi lescht richteg Chance, fir eng Victoire ze kréien, well et an den nächsten Deeg richteg an d'Bierger geet.

Resumé vun der 13. Etapp / Reportage Rich Simon



Klassement vun der 13. Etapp


De Bob Jungels (QST) koum als 39. iwwer d'Arrivée, mat der selwechter Zäit, wéi de Gewënner. Déi selwecht Zäit kruten och all déi aner Klassementsfuerer opgeschriwwen.  Och déi selwecht Zäit huet de Ben Gastauer, deen als 73. ukënnt.

Giro 13. Etapp: Bob Jungels: Déi schwéier Bierger komme lo (19.05.2017)
No 13. Etappe spiert een am Peloton schonn eng gewësse Middegkeet, ma et geet schwéier weider.


Generalklassement no der 13. Etapp


De Ben Gastauer (ALM) ass de 37. mat engem Retard vun 32 Minutten an 33 Sekonnen.

Keng Verännerungen och an der Lutte ëm de Maillot Blanc. Do ass de Bob Jungels weider a Féierung, 2 Minutten 23 virum Davide Formolo a bal 3 Minutte virum Adam Yates.

Nees ausbaue konnt de Fernando Gaviria (QST) säin Avantage op déi aner Coureuren, déi de Maglia Ciclamino wëllen, ausbauen. Mat 315 Punkten huet hien 123 Punkten Avance op de Jasper Stuyven (TFS) an 171 op den André Greipel (LTS).

Keng Changementer gouf et beim bloe Maillot, well op dëser Etapp keng Punkte verdeelt goufen. Do huet den Omar Fraile (DDD) weider 49 Punkten, dräi méi wéi de Jan Polanc (UAD).

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.