Schleck Gran FondoFotoen a Video vun der Pasta Party a vun der Course

Déi éischt Editioun vun der Schleck Gran Fondo war e Succès.

E Samschdeg war um 09.30 Auer den Depart. Hei goufen d'Coureuren, déi déi 162 Kilometer laang Stréck an Ugrëff huelen op de Wee geschéckt. Um 10 Auer war et dann un deene Cyclisten, déi déi 89,5 Kilometer gefuer sinn.

FOTOGALERIE: Ganz vill flott Fotoe vun der Course op pressphoto.rtl.lu.

Startschoss 1. Editioun Schleck Gran Fondo (20.05.2017)
Dëse Gran fondo gouf um Freideg ënnert dem Motto Meet&Greet Fränk and Friends lancéiert.




Ier et lass goung, gouf sech e Freideg den Owend op der Pasta Party, wou ënnert anerem och den Trainer vun der Fola Jeff Strasser an de Vëlosprofi Fabian Wegmann mat dobäi waren, op de groussen Dag agestëmmt. Gefeelt hunn natierlech och net den Organisateur Frank Schleck a säi Brudder den Andy Schleck. 

An de leschte Wochen huet de Frank Schleck e Grupp vu Cycliste bei de Preparatioune fir d'Gran Fondo ënnerstëtzt. De fréiere Profi huet sech hei als Coach versicht, huet erkläert wéi ee richteg um Vëlo sëtzt, sech dorobber richteg verhält oder huet Tuyauen a punkto Ernährung ginn.

Kuckt hei nach eng Kéier alleguer d'Deeler vun der Serie:

Serie Schleck Gran Fondo Deel 1: De Frank Schleck versicht sech als Coach

Serie Schleck Gran Fondo Deel 2: Déi richteg Positioun um Vëlo fannen

Serie Schleck Gran Fondo Deel 3: Training: Wéi fiert een am Wandschied a wat soll een iessen?

Serie Schleck Gran Fondo Deel 4: E klenge Grupp un de grousse Peloton gewinnen

Serie Schleck Gran Fondo Deel 5: Kuerz virun der Course gëtt e leschte Bilan gezunn

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.