HandballBierchem wënnt mat 31:24 zu Péiteng

De Weekend ass de leschte Spilldag am Titelplayoff vum Handball-Championnat. Um Freideg konnt sech Bierchem schonn zu Péiteng behaapten.

Déi Bierchemer schléissen dës Saison also mat enger Victoire of.

No de éischten 30 Minutte loung nach Péiteng mat 14.13 a Féierung. No ronn 33 Minutte konnten déi Bierchemer allerdéngs opschléissen an hunn du bis zum Schluss de Virsprong weider ausgebaut, fir um Enn verdéngt mat 31:24 zu Péiteng ze gewannen.

E Samschdeg den Owend um 20.15 ginn déi aner zwou Partie vum 10. Spilldag gespillt. Käerjeng huet d'Red Boys op Besuch. An den Handball Esch, dee schonn als Champion fest steet, kritt et mat Diddeleng ze dinn.

D'Tabell an d'Resultater am Iwwerbléck