Football NationalJonglënster 2 ass Lëtzebuerger Champion

D' 2. Equipe vum FC Jeunesse Jonglënster ass sensationell als Opsteiger Champion vu Lëtzebuerg ginn.

© Pierre Forster
Fir de Lënster Club, dee soss éischter fir hiren Dammefussball bekannt ass, war dëst den éischten Titel an dëser Kategorie.

Nom leschte Match vun der Saison e Freide géint d'UN Käerjeng (6-0) krut d'Equipe vum Trainer Ben Geib vun engem Vertrieder vun der FLF a vum Buergermeeschter Romain Reitz d'Coupe an d'Medailen iwwerreecht.

© Pierre Forster

Duerno gouf dësen historeschen Erfolleg zesumme mat Frënn a Famille vun de Spiller bis spéit an d'Nuecht gefeiert.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.