Liichtathletik: 1500 MeterCharline Mathias verbessert nationale Rekord ëm 6,8 Sekonnen

Beim Liichtathletik-Meeting zu Oordegem an der Belsch ass d'Auer op de 1500 Meter fir d'Charline Mathias no 4'12''57 Minutte stoe bliwwen.

© pressphoto (Archiv)
Domadder huet d'Charline Mathias de nationale Rekord iwwer 1500 Meter vum Vera Hoffmann aus dem Joer 2016 ëm 6,8 Sekonne verbessert a kënnt beim Meeting zu Oordegem op déi 3. Plaz.

D'Vera Hoffmann war och bei dëser Course am Asaz. Si huet 4 Minutten 17 Sekonnen a 6 Honnertstel gebraucht. Dat ass eng perséinlech Beschtzäit an och en neie Rekord bei den Espoiren.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.