VIDEOEN a vill FOTOEN - Ironman 70.3 Victoire fir Vandendriessche, Lamberty Lëtzebuerger Champion

Op der Musel gouf et eng Victoire fir de Kenneth Vandendriessche aus der Belsch, dat an enger Zäit vun 3 Stonne 50 Minutten an 29 Sekonnen.

Hien hat no den 1,9 Kilometer Schwammen, 90 Kilometer Vëlofueren an 21 Kilometer Lafen eng Avance vu 44 Sekonnen op den Hollänner Bas Diederen. Drëtte gëtt de Belsch Tim Brydenbach mat engem Réckstand vun 2 Minutten an 10 Sekonnen.

 

AUDIO: Den Ironman 70.3 zu Réimech - Rich Simon

1 Vandendriessche, Kenneth (BEL) PRO - - +00:00 03:50:29
2 Diederen, Bas (NED) PRO - - +00:44 03:51:13
3 Brydenbach, Tim (BEL) PRO - - +02:10 03:52:38
4 Scheltinga, Evert (NED) PRO - - +02:17 03:52:46
5 Moussel, Robin (FRA) PRO - - +03:06 03:53:34
6 Wojt, Lukasz (GER) PRO SV Würzburg 05 - - +03:14 03:53:43
7 Plat, Jetze (NED) HC - - +03:19 03:53:47
8 Sowieja, Dominik (GER) PRO - - +03:27 03:53:56
9 Dekker, Martijn (NED) PRO - - +03:36 03:54:04
10 Vanhoenacker, Marino (BEL) PRO pewag racing team - - +04:12 03:54:41

Neie Lëtzebuerger Champion ass de Philippe Lamberty, deen de 25. gouf. Um Lëtzebuerger Podium stoungen och nach de Christian Krombach an den Tom Krier.

Ironman 70.3 zu Réimech (Hären) (18.06.2017)
De Lëtzebuerger Philippe Lamberty huet e starken Androck hannerlooss. Souverän konnt hie säin 1. Championstitel matheem huelen.


Bei den Damme gouf et och eng Belsch Victoire. Séierste war d'Alexandra Tondeur virun der Britin Susie Cheetham an der Däitscher Katja Konschuk.

1 Tondeur, Alexandra (BEL) PRO - - 04:22:44
2 Cheetham, Susie (GBR) PRO - - +01:39 04:24:22
3 Konschak, Katja (GER) PRO - - +02:47 04:25:30
4 Abraham, Corinne (GBR) PRO - - +08:41 04:31:24
5 Bellinga, Rahel (NED) PRO - - +18:42 04:41:25
6 Bossow, Franziska (GER) PRO - - +19:21 04:42:04
7 Basso, Anne (FRA) PRO - - +20:25 04:43:08
8 Sanjana, Francesca (GBR) PRO - - +20:43 04:43:26

© FLTRI

Lëtzebuerger Championne gëtt d'Sophie Margue virum Danièle Flammang an dem Nathalie Lamborelle.

Ironman 70.3 Réimech (Dammen) (18.06.2017)
D'Sophie Margue kroopt sech fir déi éischte Kéier de Championstitel. Op d'Eiereplaze kommen d'Danielle Flammang an d'Nathalie Lamborelle.


Et ass dat 3. Joer hannereneen, datt de Sonndeg och d'Lëtzebuerger Championnat an der Laangdistanz ofgehale gouf.


De Freideg den Owend war den éischten Irongirl-Laf an de Samschdeg ëm 11 waren iwwer 200 Kanner um Ironkids mat derbäi.

FOTOGALERIE: Andréck vum Irongirls vum Johny Pleimling.

FOTOGALERIE: Andréck vum Ironkids vum Johny Pleimling.



Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.