Football InternationalChelsea verléiert doheem iwwerraschend géint Burnley

An der Belsch wënnt de Laurent Jans mat Waasland-Beveren an de Chris Philipps verléiert a Frankräich mat Metz.

© afp
E Samschdeg war et d'Suite vum 1. Spilldag an der englescher Premier League.

Am éischte Match vum Dag hu Liverpool a Watford 3:3 gläich gespillt. Dobäi hat et laang no enger Victoire fir d'Equipe vum Jürgen Klopp ausgesinn. Nodeems Liverpool an der Paus nach 1:2 hanne war, konnten si an der 55. Minutt duerch de Firmino per Eelefmeter an an der 57. Minutt duerch de Salah op 3:2 stellen. Eréischt an der 4. Minutt vun der Nospillzäit huet Watford dunn nach duerch e Goal vum Britos egaliséiert.

Eng déck Iwwerraschung gouf et dann och am Match Chelsea géint Burnley. Hei haten d'"Blues" net vill ze radetten an hunn - och op Grond vun 2 roude Kaarten - hiren éischte Match vun der neier Saison mat 1-3 géint Burnley verluer. Den englesche Meeschter war scho vun der 14. Minutt u just nach mat 10 Mann um Terrain, nodeems de Cahill eng rout Kaart gewise krut. An der 24. Minutt huet dunn de Vokes den 1:0 fir Burnley geschoss, éiert de Ward an der 39. Minutt op 2:0 an nees de Vokes an der 43. Minutt op 3:0 erhéije konnten.
An der 69. Minutt huet de Meeschter endlech zeréck geschloen an duerch de Morata den 1:3 gemaach. An der 81. Minutt dunn déi zweet rout Kaart, dës Kéier fir de Fabregas. An der 88. Minutt huet den David Luiz de Score nach op 2:3 gestallt, ma um Enn blouf et bei der éischter Néierlag am éischte Match fir de Meeschter Chelsea.

Manchester City konnt sech mat 2:0 géint Brighton & Hove Albion duerchsetzen. Deen éischte Goal fir d'Equipp vum Pep Guardiola huet den Agüero an der 70. Minutt geschoss. Deen zweete Goal war e Selbstgoal vum Dunk an der 75. Minutt.

An deenen anere Matcher wënnt Huddersfield Town 3:0 géint Crystal Palace, den FC Everton konnt sech mat 1:0 géint Stoke City duerchsetzen an AFC Bournemouth huet knapps mat 0:1 der Kierzere géint West Bromwich Albion gezunn. Southampton a Swansea City hunn sech beim 0:0 d'Punkte gedeelt.

An der Ligue 1 a Frankräich stoungen e Samschdeg 5 Partië vum 2. Spilldag um Programm.

Hei wënnt Marseille duerch ee spéide Goal an der 87. Minutt duerch den Ocampos mat 1:0 zu Nantes.

© afp
Beim FC Metz, wou de Vincent Thill wéinst Problemer un der Muskulatur net am Kader stoung, konnt sech de Chris Philipps iwwert en Asaz vun Ufank u géint Girondins Bordeaux freeën. An der 72. Minutt gouf hien allerdéngs ausgewiesselt. Manner erfreelech war dann och d'Resultat. Metz muss sech um Enn mat 0:2 geschloe ginn. D'Goaler fir Bordeaux hunn de Vada an der 44. Minutt an de Sankhare an der 64. Minutt geschoss.

An deenen anere Matcher huet sech Toulouse mat 1:0 géint Montpellier duerchgesat, Angers wënnt 2:0 géint Amiens a Caen huet sech mat 0:1 Saint-Étienne misse geschloe ginn.

An der Belsch gewënnt de Laurent Jans mat Waasland-Beveren 3:0 zu Ostende. De Lëtzebuerger huet déi 90 Minutten duerchgespillt.

Matcher vun e Freideg
E Freideg den Owend war et den Optakt vun der neier Saison an der englescher Premier League. D'Partie tëscht Arsenal London an Leicester City ass direkt mat vollem Tempo lassgaangen. An der 2. Minutt konnt Arsenal duerch e Goal vum Lacazette mat 1:0 a Féierung goen. No 5 Minutte war et den Ausgläich fir Leicester duerch den Okazaki. An der 29. Minutt konnt den engleschen Nationalspiller Vardy Leicester souguer a Féierung schéissen. Den Welbeck huet awer kuerz virun der Paus fir den Ausgläich gesuergt. Esou ass et dunn och mat engem verdéngten 2:2 an d'Paus gaangen.

© afp
No der Paus war et nees de Vardy, deen den englesche Champion vun 2016 duerch den 3:2 konnt a Féierung bréngen. Arsenal konnt d'Partie an de leschte Minutten awer nach eng Kéier dréien. An der 83. Minutt war et de Ramsey, deen op 3:3 konnt setzen an 2 Minutte méi spéit huet den Giroud fir d'4:3-Victoire gesuergt.

© afp


An der Ligue 1 ass de Weekend den 2. Spilldag. Um Freideg den Owend huet Nice iwwerraschend mat 1:2 géint den Opsteiger Troyes verluer. An der 53. waren d'Gäscht duerch e Goal vum Niane a Féierung gaangen. 10 Minutten drop konnt Nice duerch en Eelefmeter vum Plea op 1:1 ausgläichen. Den entscheedende Goal huet den Khaoui an der 85. Minutt fir Troyes geschoss. Domadder wënnt den Opsteiger 2:1 zu Nice.

Olympique Lyon wënnt mat 2:1 zu Rennes.

E Samschdeg spillt Metz um 20 Auer zu Bordeaux an e Sonndeg spillt Guingamp um 21 Auer géint de PSG. Bei de Paräiser dierft de Neymar dann den éischten Optrëtt hunn. 

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.