DFB-Pokal: 1. RonnBayern an de BVB souverän weider, Bielefeld eliminéiert

Bayern wënnt 5:0 géint Chemnitz an de BVB setzt sech 4:0 géint Rielasingen-Arlen duerch. Bielefeld verléiert no 120 Minutte mat 1:3 géint Düsseldorf.

© afp
Um Samschdeg war et d'Suite vun der 1. Ronn am DFB-Pokal.

De BVB ass senger Favoritteroll géint Rielasingen-Arlen aus der Oberliga Bremen bis gerecht ginn. Schonn no 12 Minutten huet de Bartra fir déi Schwaarz-Giel den 1:0 geschoss. Kuerz virun der Paus dunn huet den Aubameyang per Eelefmeter op 2:0 erhéicht. Och an der 2. Hallschent war de BVB weider souverän a konnt an der 55. Minutt nees duerch den Aubameyang op 3:0 erhéijen. An der 80. Minutt huet den Aubameyang nach eng Kéier zougeschloen a mat sengem drëtte Goal de 4:0 fir seng Faarwe markéiert.

Och de Rekord-Pokalgewënner aus München hat keng gréisser Problemer géint den Drëttligist Chemnitzer FC. An der 20. Minutt war et de Robert Lewandowski, deen d'Münchner per Fräistouss aus 18 Meter a Féierung geschoss huet. Bayern war och duerno weider déi kloer besser Equipe, huet et awer verpasst, e weidere Goal nozeleeën. Dëst hunn si dunn awer an der 2. Hallschent besser gemaach. No 51 Minutte war et de Kingsley Coman, deen no Viraarbecht vum Ribéry op 2:0 gestallt huet. An der 60. Minutt huet et nees geschellt. Et war deen zweete Goal fir de Lewandowski, deen drëtte fir Bayern! An et ass monter viru gaangen. An der 79. Minutt huet de Franck Ribéry Ballgefill bewisen an e Fräistouss aus 20 Meter direkt era gesat - 4:0 fir den FCB. De Schlusspunkt an dëser Partie huet den Hummels gesat, deen an der 89. Minutt nach de 5:0 geschoss huet.

Den 1. FC Kaiserslautern wënnt um Enn 4:0 géint Eichede a Köln iwwerrennt Leher mat 5:0.

Bielefeld, d'Equipp vum Jeff Saibene, huet sech no Verlängerung um Enn Düsseldorf mat 1:3 misse geschloe ginn. Dobäi war d'Arminia an der 55. Minutt fir d'éischt duerch de Klos a Féierung gaangen, ma an der 68. Minutt huet dunn den Hennings ausgeglach. Nodeems et no 90 Minutten ëmmer nach 1:1 stoung, goung et dunn an d'Verlängerung. An do hat Düsseldorf herno d'Nues vir. An der 96. Minutt war et nees den Hennings mat engem Goal fir d'Fortuna, éiert de Fink an der leschter Minutt den Deckel op dës Partie drop gemaach huet.

D'Matcher vun e Samschdeg am Iwwerbléck:

Germania Halberstadt - SC Freiburg 1:2
Lüneberger SK Hansa - FSV Mainz 05 1:3
FC Rielasingen-Arlen - Borussia Dortmund 0:4
FV Eichede - 1. FC Kaiserslautern 0:4
Chemnitzer FC - FC Bayern München 0:5
Leher TS - 1. FC Köln 0:5
Unterhaching - Heidenheim 0:4
TuS Erndtebrück - Eintracht Frankfurt 0:3
Rot-Weiss Erfurt - 1899 Hoffenheim 0:1
Jahn Regensburg - SV Darmstadt 98 3:1
Arminia Bielefeld - Fortuna Düsseldorf 1:3
FC Würzburger Kickers - SV Werder Bremen 0:3

D'Partie vun e Freideg
Um 19 Auer hunn e Freideg den Owend TuS Koblenz an Dynamo Dresden géinteneen gespillt. Nodeems et an der Paus 1:1 gläich stoung huet sech no de 90 Minutten Dresden mat 3:2 zu Koblenz behaapt.

Um 20.45 Auer sinn 3 Partien ugepaff ginn. Borussia Mönchengladbach konnt an de leschte Minutten nach eng Blamage bei RW Essen aus der Regionalliga evitéieren. An der 29. Minutt war Essen duerch e Goal vum Baier mat 1:0 a Féierung gaangen. An der 79. Minutt konnt d'Gladbach eréischt duerch e Goal vum Hofmann ausgläichen. 8 Minutte viru Schluss ass de Bundesligist du senger Favoritteroll dach nach gerecht ginn an ass duerch de Raffael mat 2:1 a Féierung gaangen. Borussia Mönchengladbach steet domadder an der 2. Ronn vum DFB-Pokal.

Am Duell vun de Veräiner aus der 2. Bundesliga huet sech Holstein Kiel mat 2:1 géint Braunschweig duerchgesat. Fir Kiel huet den Duksch an den Drexler markéiert, op der Säit vu Braunschweig war et den Nyman.

Leverkusen huet géint de Karlsruher SC missen an d'Verlängerung. An den zousätzlechen 30 Minutten ass der Lokalformatioun aus der 3. Liga d'Loft ausgaangen. De Kohr, de Pohjanpalo an de Baley konnte fir Leverkusen markéieren. De Veräin aus der Bundesliga wënnt deemno mat 3:0 zu Karlsruhe.

Um Samschdeg spillt ënnert anerem Bayern München zu Chemnitz, Borussia Dortmund trëtt bei Rielasingen un, d'Equipe vum Jeff Saibene, Bielefeld, kritt et mam Ligakonkurrent Düsseldorf ze dinn an Erfurt spillt géint Hoffenheim.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.