2. Spilldag an der BGL-LigueHueschtert wënnt 2:1 géint de Racing

An der 19. Minutt waren déi Stater duerch e Goal vum Jahier verdéngt mat 1:0 a Féierung gaangen, éiert d'Hueschterter äiskal zeréckgeschloen hunn.

Béid Equippe si relativ nervös an de Match eragaangen an et koum kaum en uerdentleche Spillfloss zustanen. Ma no ronn 10 Minutten hat een awer den Androck, datt de Racing lues awer sécher besser an d'Partie komm ass. An sou war et dunn no 19 Minutten och esou wäit. Den Da Mota huet ee wäite Ball op de Shala gespillt, dee sech am Zweekampf géint de Stumpf duerchsetze konnt. Hien huet de Ball an d'Mëtt op de Jahier gespillt, deen net laang gezéckt huet an de Ball an de Goal geschoss huet; déi verdéngte Féierung fir déi Stater!

© Yannick Zuidberg
Hueschtert huet dunn nom 1:0 eng kleng Reaktioun gewisen an huet probéiert, de Ball méi laang an den eegene Reien ze halen a sech lues a lues eng Chance eraus ze spillen, ouni dass dëst awer bis zum Ofschloss gelonge wier.

Dowéinst koum den Ausgläich duerch de Kapitän Peters an der 31. Minutt och nawell e bëssen iwwerraschend. No engem Corner wollt den Mboup d'Situatioun klären, ma de Ball ass widder de Peters geflunn a vun do aus am Filet gelant. An éiert de Racing sech vun deem Schock erholl hat, koum och 3 Minutte méi spéit schonn déi zweet kal Dusch fir d'Stater. De Pomponi gouf flott an d'Déift geschéckt, huet de Goalkeeper stoe gelooss a konnt de Ball an den eidele Goal schéissen. 2:1 fir Hueschtert!

An der zweeter Hallschent war et dunn ee méi equilibréierte Match. Béid Formatioune hunn no vir gespillt a waren engagéiert. Alles an Allem war Hueschtert awer elo vill méi sécher um Ball an den RFCU koum u sech zu guer kenge Chance méi. Am Géigendeel; Hueschtert hat nach déi eng oder aner Chance, ma um Enn awer huet sech um Score näischt méi geännert. Den Opsteiger huet also am zweete Match schonn déi zweet Victoire kënne feieren!

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.