Liichtathletik-WMDramatescht Enn vum Usain Bolt senger Karriär

De Usain Bolt krut a senger leschter Course, der 4x100m-Staffel, no e puer Meter eng Zerrung a konnt d'Course net op en Enn lafen. Saz

© afp
Iwwer 4x100 Meter war de Usain Bolt bei Jamaika de Schlussleefer an huet sech no e puer Meter blesséiert. Um Enn gewënnt Groussbritannien ganz iwwerraschend Gold. Sëlwer war fir d'USA a Bronz fir Japan.

De Usain Bolt hat zu London iwwer 100 Meter Bronz gewonnen.

Fir den Jamaikanerin war et de leschte groussen Optrëtt, en Optrëtt deen net méi dramatesch hätt kéinten ausgoen. An de leschten 10 Joer huet hien der Liichtathletik säi Stempel opgedréckt an ass ee vun de gréisste Sprinter vun allen Zäiten. A senger Karriär huet hien 8 mol Gold op Olympesche Spiller gewonnen an 11 Weltmeeschtertitele gesammelt. Säi Weltrekord iwwer 100 Meter läit bei 9,58 Sekonnen an iwwer 200 Meter bei 19,19 Sekonnen. 

© afp

Iwwer 4x100 Meter bei den Damme war d'Goldmedail fir d'USA, dat viru Groussbritannien an d'Jamaika.

Op den 100 Meter Hecke bei de Fraen huet d'Australierin Sally Pearson sech de Weltmeeschtertitel geséchert. D'Olympiagewënnerin vun 2012 ass eng Zäit vun 12,59 Sekonne gelaf. Op déi zweete Plaz kënnt d'Amerikanerin Dawn Harper Nelso an déi drëtte Plaz geet un d'Pamela Dutkiewicz.

© afp

Iwwer 5000 Meter huet de Brit Mo Farah säin zweete Weltmeeschtertitel zu London verpasst. A senger leschter Course op der Piste huet hie sech knapp dem Muktar Edris misse geschloe ginn. Den Ethiopier wënnt an enger Zäit vun 13 Minutten 32 Sekonnen an 79 Honnertstel. De Mo Farah wiesselt elo vun der Piste eriwwer op d'Strooss bei de Marathon.

© afp

Am Héichsprong huet d'Russin Maria Lasitskene, déi ënnert neutralem Fändel gestart ass, mat 2,03 Meter Gold gewonnen. Sëlwer a Bronz si fir d'Ukrainerin Yuliia Levchenko (2,01 Meter) an d'Polin Kamila Licwinko (1,99 Meter).

Am Zéngkampf geet Gold un de Fransous Kevin Mayer. D'Éiereplaze si fir de Rico Freimuth an de Kai Kazmirek, allebéid aus Däitschland.

Dem Johannes Vetter säi Speer ass e Samschdeg den Owend mat 89,89 Meter am wäitste geflunn.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.