2. däitsch BundesligaArminia Bielefeld ass neien Tabelleleader

D'Equipe vum Jeff Saibene wënnt 2:0 géint de VFL Bochum an ass domat nom 3. Spilldag elo op der éischter Plaz vun der 2. Bundesliga.

© afp
D'Goaler fir d'Arminia hunn an der 25. Minutt den Andreas Voglsammer an an der 35. Minutt de Konstantin Kerschbaumer geschoss.

Domat huet Bielefeld dës Saison nach kee Punkt leie gelooss a steet mat 9 Punkte ganz uewen an der Tabell!

Nächste Weekend muss Arminia Bielefeld dann um 4. Spilldag bei Union Berlin untrieden.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.