GedenkminuttSchwëmmer bleift op Startblock stoe fir Affer ze gedenken

Um Dënschdeg huet de Schwëmmer Fernando Alvarez bei de Masters World Championships zu Budapest fir een Héngerhaut-Moment gesuergt.

© twitter/The Sun
De Spuenier hat virum Start vun den 200 Meter Broscht bei den Organisateuren eng Gedenkminutt fir d'Affer vu Barcelona a Cambrils ugefrot. Allerdéngs gouf de Wonsch vum Spuenier net erfëllt. D'FINA war der Meenung et dierft ee keng Minutt verschwenden, dat melle verschidde Medien.

De Spuenier Alvarez huet dunn op eege Fauscht gehandelt an ass nom Startschoss vu senger Course nach 60 Sekonne stoe bliwwe fir den Affer ze gedenken.

No der Course sot den Alvarez, et hätt him näischt ausgemaach méi spéit ze starten, hien hätt ee méi wäertvollt Gefill gehaat ewéi wann hien all Goldmedail vun dëser Welt gewonnen hätt.



Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.