Champions League QualifikatiounLiverpool wënnt géint Hoffenheim

Liverpool huet sech am Retoursmatch mat 4:2 géint Hoffenheim duerchgesat an domat d'Gruppephas vun der Champions League erreecht.

© afp

Nodeems um Dënschdeg sech schonns déi éischt Equippe fir d'Gruppephase qualifizéieren, war e Mëttwoch d'Suite vun de Playoffs an der Champions League Quali.

Liverpool konnt den Allersmatch zwar mat 2:1 fir sech entscheeden, ma Hoffenheim hat eng ganz gutt Figur gemaach awar am Retoursmatch deemno net ze ënnerschätzen. D'Equipe vum Julian Nagelsmann war och zouversiichtlech an d'Partie gaangen, mä déi Zouversiicht war awer du ganz séier fort! Schonn an der 11. Minutt war et den Can, deen den 1:0 fir Liverpool geschoss huet. An der 19. huet de Salah op 2:0 an nëmmen 2 Minutte méi spéit nees de Can esouguer op 3:0 erhéicht!

Et huet dunn esou ausgesinn, wéi wann et e ganz batteren Owend fir Hoffenheim géif ginn, ma an der 29. Minutt huet den Uth mat engem flotte Schoss fir den 1:3 gesuergt an senger Equipe nach eng Kéier e bëssen Hoffnung gemaach. Ma an der 63. Minutt war et dunn d'Entscheedung: De Firmino huet op 4:1 gestallt! Un der Tatsaach, datt Liverpool elo an der Cl-Gruppephas steet, huet dann och de 4:2 vum Wagner an der 79. Minutt näischt méi geännert.

FC Kopenhagen - Karabach Agdam 2:1 (agg 2:2)

Iwwerraschender Weis konnt Karabach Agdam sech am Allersmatch mat 1:0 duerchsetzen, dat duerch de Goal vum Madatov. Ma dass dat keen Zoufall war, hunn si och am Retoursmatch bewisen! Duerch den Auswäertsgoal ass et hinnen trotz 1:2 Defaite gelongen, d'Gruppephas vun der Champions League z'erreechen!

Slavia Prag - Apoel Nikosia 0:0 (agg 0:2)

De Bezwénger vum F91 Diddeleng ass no der 2:0 Victoire am éischte Match op beschtem Wee gewiescht, fir sech ze qualifizéieren. An d'Zyprioten hunn sech d'Botter dann och net méi vun der Schmier huele gelooss. En 0:0 ass hinnen am Retoursmatch duergaangen! 

ZSKA Moskau - Young Boys Bern 2:0 (agg 3:0)

ZSKA huet sech bei der 1:0 Auswäertsvictoire gutt Viraussetzunge geschaaft fir de Retour zu Moskau. Mat engem souveränen 2:0 hunn si de Schwäizer dann och hei keng Chance gelooss!

Steaua Bukarest - Sporting Lissabon 1:5 (agg 1:5)

Tëscht dëse béide Formatioune war kee Goal gefall um leschten Dënschdeg, ma d'Portugisen si favoriséiert an de Retoursmatch gaangen. An där Favoritteroll sinn si méi wéi gerecht ginn! Mat 5:1 huet Sporting d'Rumäne vu Bukarest iwwerrannt an esou den Ticket fir d'Champions League gezunn.

LINK: All d'Matcher am Iwwerbléck

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.