UEFA Futsal CupDéifferdeng verléiert 2-5 géint Titograd

Am Futsal huet e Mëttwoch den éischten Tour vun der Qualifikatioun fir den UEFA Futsal Cup ugefaangen. Gespillt gi kleng Mini-Tournoie vu 4 Equippen.

Zu Uewerkuer huet den FC Déifferdeng um Mëttwoch den Owend 2-5 géint Titograd aus dem Montenegro verluer. Liburn aus dem Kososvo wënnt 7-3 géint Vytis.

En Donneschdeg den Owend spillen d'Déifferdenger da géint Vytis aus Litauen.

Houfreg, den Tournoi z'organiséieren
Déifferdeng war déi lescht Saison déi bescht Equipe am Land an huet domadder d'Chance un der Qualifikatioun fir d'UEFA Futsal Cup deelzehuelen, dass ee gläichzäiteg och nach den Tournoi am Grand-Duché organiséiere kann, mécht een houfreg, sou de Roberto Cruz vun Déifferdeng03.

Déifferdeng bei der Futsal Cup am Asaz / Rep. Lynn Kayser



Déi Déifferdenger haten an de leschte Méint a Woche vill Aarbecht. Fir den Tournoi, dee vun e Mëttwoch bis e Sonndeg dauert, hu beispillsweis missen Hotel fir d'Equippen, d'Arbitteren a soss Offizieller organiséiert ginn, d'Hal an där gespillt gëtt huet bestëmme Kritäre missen entspriechen an och d'Publicitéit war e wichtege Facteur.

Gespillt gëtt déi nächst Deeg am Centre Sportif zu Uewerkuer. Am Grupp B kritt Déifferdeng et mat Liburn, Titograd a Vytis ze dinn. D'Championen aus dem Kosovo, dem Montenegro a Litauen. Et huet een dann och alles probéiert, fir sech esou gutt et geet op d'Géigner anzestellen. D'Traineren hunn dofir Videoe vun de verschiddenen Equippen organiséiert.

Nëmmen de Gruppenéischte qualifizéiert sech fir déi zweete Ronn, wou dann och méi grouss Natioune wéi Däitschland oder Frankräich dobäi kommen. Zu Déifferdeng ass ee sech bewosst, dass dat ganz schwéier dierft ginn an dofir steet virop emol een Zil am Virdergrond an dat ass dass een alles gëtt an ouni Regret aus dem Tournoi eraus ka goen. Och wann déi aner Equippen e Strapp méi staark wäerte sinn, wëllen déi Déifferdenger hir Chancen notzen a sech net vun Ufank u geschloe ginn, sou de Roberto Cruz.

De Virverkaf fir d'Partien ass schonn eriwwer, mä an der Oweskeess kann ee sech nach Tickete fir d'Matcher sécheren.

E Mëttwoch den Owend um 18 Auer spillt Liburn géint Vytis an um 20.30 Auer ass et dann d'Partie Déifferdeng géint Titograd.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.