5-Joresplang vum SportsministèreNei Infrastrukture solle gebaut an Aler renovéiert ginn

De Sportminister huet den 11. 5-Joresplang presentéiert. An dem geet et drëm, de Sport an der Gesellschaft nach méi an de Mëttelpunkt ze stellen.

Den 11. 5-Joresplang fokusséiert sech speziell op d'Gesondheet an d'Vitalitéit vun den eenzelne Bierger an op déi sportlech Infrastrukturen zu Lëtzebuerg. An enker Zesummenaarbecht mat de Gemengen huet de Sportsministère den neie Plang un d'Evolutioun vun der Populatioun adaptéiert.

Vun 2006 bis 2016 ass d'Populatioun ëm 22% geklommen, wat bedeit, dass bal 130'000 Leit méi hei zu Lëtzebuerg wunnen, sou de Sportminister Romain Schneider. Och Leit a méi engem héijen Alter wëlle sech méi beweegen a Sport maachen. Et mussen also méi Infrastrukturen ugebuede ginn.

Ronn 120 Milliounen € sinn an deem neie 5-Joresplang vum Staat virgesinn. D'Fazit vun deene leschte 5-Jorespläng ass positiv.

Am 8. 5-Joresplang sinn all d'Projete exekutéiert, ausser de Vëlodrom, deen nach ëmmer do dra steet, a wou och den néidege Budget nach ëmmer am Fong erëmzefanne ass.

Den 9. 5-Joresplang ass komplett engagéiert an och exekutéiert.

Am 10. 5-Joresplang ass alles engagéiert. Bis op e puer kleng Projeten an den neie Stadion ass hei nach net alles exekutéiert, mä do sinn d'Aarbechte jo um Lafen. Am 11. 5-Joresplang fënnt een dann och den zweeten Deel vun deem Projet.

33 nei Projeten, wéi zum Beispill e Centre sportif zu Biissen an zu Miersch, oder eng Schwämm zu Réimech an zu Bur, stinn am 11. 5-Joeresplang dran. De Plang soll un all d'Altersklassen adaptéiert sinn, esou den Sportsministère. De Projet de loi soll nach dëst Joer an der Chamber gestëmmt ginn, fir dann am Januar 2018 an Kraaft ze trieden.

5 Joresplang vum Sportsministère - Reportage Max Richartz



Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.