Fotoen a Video: Dëschtennis-EMDamme verpasse fréizäiteg Quali. fir d'Véirelsfinall

Fir d'Lëtzebuerger Damme gouf et nom Exploit géint Tschechien eng Defaite géint Holland. D'Hären hunn hir éischt Partie verluer.

E Mëttwoch den Owend hunn d'Lëtzebuergerinne mat 1:3 géint d'Hollännerinne verluer. An der 1. Partie konnt d'Sarah de Nutte net un d'Leeschtung aus de Partië géint Tschechien uknäppen. Si verléiert mat 1:3. Och d'Ni Xia Lian konnt hire Match net gewannen. Si verléiert knapp mat 2:3. Duerno konnt d'Danielle Konsbruck den éischte Punkt fir d'Lëtzebuergerinne maachen. Si gewënnt hir Partie mat 3:2. Domadder stoung et aus Siicht vun de Nutte a Co. 1:2. An der 4. Renconter war nees d'Sarah de Nutte un der Rei. No zwee gudden éischte Sätz huet si sech misse mat 2:3 geschloe ginn. Domadder verléieren d'Lëtzebuergerinnen den zweete Match géint Holland mat 1:3.  

Am éischte Match konnte sech d'Lëtzebuergerinne e Mëttwoch de Moien mat 3:2 géint Tschechien behaapten. Am fënneften an decisive Match konnt d'Ni Xia Lian d'Victoire fir d'FLTT-Formatioun perfekt maachen.

Dëschtennis-EM: Lëtzebuergerinne wanne géint Tschechien (13.09.2017)
Zënter e Mëttwoch sinn hei zu Lëtzebuerg déi bescht europäesch Dëschtennis-Spiller bei der Equippen-EM am Asaz.

De Lëtzebuergerinne spillt deemno och an d'Kaarten, datt d'Ni Xia Lian fit ass. D'Dëschtennisspillerin war nämlech an de leschte Méint blesséiert a war e Mëttwoch no laanger Zäit nees am Asaz. Et wousst een dofir net ob Xia Lian fit ass oder net, ma e Mëttwoch de Moien huet si bewisen, dass et geet an dat mécht ganz Equipe frou, sou den Trainer Tommy Danielsson.

Extrait Trainer Tommy Danielsson

Lëtzebuerger Damme spillen e Mëttwoch den Owend um 19 Auer géint Holland.

D'Lëtzebuerger Hären hunn hiren éischte Match géint Griichenland mat 0:3 verluer. De Gilles Michely huet seng Partie mat 1:3 verluer, den Eric Glod an de Luka Mladenovic waren hire griichesche Géigner mat 0:3 ënnerleeën.

© Jeff Kettenmeyer / RTL Sport


Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.