Champions LeagueTottenham klappt Dortmund, Leipzig a Monaco mat Remis

E Mëttwoch den Owend huet Tottenham mat 3:1 géint de BVB gewonnen. Leipzig a Monaco spillen 1:1 gläich a Madrid wënnt wéi erwaart géint Nikosia.

© afp
Resumé Champions League / Reportage Jeff Kettenmeyer



E Mëttwoch den Owend hunn d'Matcher aus dem Grupp H erausgestach. Real Madrid ass hei vu vireran de grousse Favorit op déi éischt Plaz. Well Nikosia ze schwaach dierft sinn, spillen Tottenham a Borussia Dortmund wuel ëm déi zweete Plaz. An déi zwou Formatioune sinn e Mëttwoch direkt um 1. Spilldag vun der Gruppephase schonn openee getraff.

Dortmund huet e schlechten Depart an d'Partie kannt. Den éischte Schoss vun Tottenham an der 4. Minutt ass nämlech direkt am Goal vum BVB gelant. De Son konnt eleng an de Strofraum zéien an huet do dem Bürki keng Chance gelooss. D'Reaktioun vum BVB huet net laang op sech waarde gelooss. An der 12. Minutt huet de Yarmolenko den 1:1 markéiert. Et sollt allerdéngs net laang bei dësem Tëschestand bleiwen. An der 15. Minutt ass de Kane vun der Mëttellinn bis an de Strofraum gezunn, huet do ofgezunn an de Ball ass am kuerzen Eck gelant, dat war d'2:1-Féierung fir Tottenham.

An der 30. Minutt hat d'Dortmund d'Chance op den 2:2. De Pulisic hat sech iwwert déi lénks Säit duerchgesat, wollt de Ball op den Aubameyang eriwwer leeën, ma e Verteideger vun Tottenham hat säi Fouss nach dertëschent a konnt de Ball deviéieren.

D'Lokalformatioun stoung ganz kompakt an huet et de Gäscht schwéier gemaach Chancen erauszespillen. Tottenham huet virun allem op Kontere gelauert an déi an der éischter Hallschent och äiskal ausgenotzt.

No der Paus ass Tottenham geféierlech bliwwen. Si hunn ëmmer nees ganz séier ëmgeschalt a sinn zu Chancë komm. An der 50. Minutt war et de Son, deen de Ball no Viraarbecht vum Kane knapp laanscht de Goal gesat huet. No enger laanger Flank huet den Aubameyang de Ball an der 57. Minutt per Dropkick an de Filet gesat. D'Freed war awer nëmme vu kuerzer Dauer, well den Arbitter huet Abseits gepaff. Eng falsch Decisioun. An der 60. Minutt ass et du nach méi batter fir de BVB komm. De Kane huet no engem weidere Konter iwwert déi riets Säit op 3:1 erhéicht. 

Um Enn ass et eng verdéngte Victoire fir Tottenham. Si haten déi 90 Minutten iwwer déi méi geféierlech Chancen. An der Course ëm déi zweete Plaz am Grupp H hunn si elo d'Nues virum BVB vir.

An der zweeter Partie am Grupp H gouf et déi erwaarte Victoire fir Real Madrid. No 12 Minutte konnten d'Spuenier duerch e Goal vum Bale mat 1:0 a Féierung goen. An der zweeter Hallschent huet Madrid nogeluecht. An der 51. Minutt huet de Ronaldo en Eelefmeter sécher verwandelt an 10 Minutten drop war et de Ramos, dee mat engem akrobatesche Goal op 3:0 erhéicht huet.

© afp


Am Grupp E spille Liverpool a Sevilla 2:2 gläich. Nodeems d'Equipe vum Klopp duerch e fréie Goal vu Sevilla mat 0:1 hanne loung, ass et hir gelongen de Match ze dréien. An der 21. Minutt konnt de Firmino op 1:1 ausgläichen an an der 37. Minutt huet den Salah den 2:1 markéiert. An der 42. Minutt huet de Firmino dunn awer en Eelefmeter verschoss an dat sollt nach bestrooft ginn. An der 72. Minutt war et de Correa, deen op 2:2 ausgeglach huet. Beim Remis sollt et bleiwen.   

Am Grupp F ass Manchester City senger Favoritteroll zu Rotterdam gerecht ginn. Si setze sech souverän mat 4:0 duerch, dat duerch Goaler vu Stones (2' an 63'), Walker (10') an Jesus (25').

Am Grupp G war et den éischten Optrëtt vu Leipzig an der Champions League. Si hate Monaco op Besuch. De Match tëscht béiden Equippen hat an den éischte Minutten net vill ze bidden. No enger hallwer Stonn ass et dunn awer Schlag op Schlag gaangen. An der 33. Minutt konnt Leipzig duerch e Goal vum Forsberg a Féierung goen. Eng Minutt drop huet Monaco duerch den Tielemans nees ausgeglach. Um Enn ass et beim 1:1 Remis bliwwen. Fir Leipzig e gudde Start am internationale Geschäft. Monaco dierft sech méi vun der Partie erwaart hunn. 

Alleguer d'Resultater vum Mëttwoch am Iwwerbléck:
Grupp E
NK Maribor - Spartak Moskau 1:1
0:1 Samedov (59'), 1:1 Bohar (85')

FC Liverpool - FC Sevilla 2:2
0:1 Yedder (5'), 1:1 Firmino (21'), 2:1 Salah (37'), 2:2 Correa (72') 

Grupp F:
Feyenoord Rotterdam - Manchester City 0:4
0:1 Stones (2'), 0:2 Walker (10'), 0:3 Jesus (25'), 0:4 Stones (63')

Shakhtar Donetsk - SSC Neapel 2:1
1:0 Taison (15'), 2:0 Ferreyra (58'), 2:1 Milik (71')

Grupp G:
RB Leipzig - AS Monaco 1:1
1:0 Forsberg (33'), 1:1 Tielemans (34')

FC Porto - Besiktas Istanbul 1:3
0:1 Talisca (13'), 1:1 Marega (22'), 1:2 Tosun (29'), 1:3 Babel (86')

Grupp H:
Tottenham Hotspur - Borussia Dortmund 3:1
1:0 Son (5'), 1:1 Yarmolenko (12'), 2:1 Kane (15'), 3:1 Kane (60')

Real Madrid - APOEL Nikosia 3:0
1:0 Bale (12'), 2:0 Ronaldo (51'), 3:0 Ramos (61')

Link: Alleguer d'Matcher an d'Resultater am Iwwerbléck

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.