Bundesliga an 2. BundesligaBayern wënnt op Schalke, Trainer vu Lautern entlooss

Gladbach ka sech 2:0 géint Stuttgart behaapten, Wolfsburg a Werder deelen 1:1. An der 2. Liga gouf den 1. FCK-Trainer Meier nom 0:2 géint Aue entlooss.

Um Dënschdeg den Owend waren ewell 4 Partie vum 5. Spilldag an der Football-Bundesliga:

Borussia Mönchengladbach - VfB Stuttgart 2:0
Schalke 04 - Bayern München 0:3
Augsburg - RB Leipzig 1:0
VfL Wolfsburg - Werder Bremen 1:1

Bayern iwwerhëlt domat virleefeg d'Tabellespëtzt.

Bundesliga: Resultater an Tabell.

E Mëttwoch spillen dann nach:

Köln - Eintracht Frankfurt
Hertha BSC - Bayer Leverkusen
SC Freiburg - Hannover 96
Hamburger SV - Borussia Dortmund
Mainz 05 - TSG Hoffenheim

Gespillt gouf en Dënschdeg och an der 2. Bundesliga. Den Tabellenéischten Sandhausen gewënnt 1-0 géint Union Berlin, déi zweet an der Tabell, Holstein Kiel si St. Pauli 0-1 ënnerleeën. Ingolstadt an Duisburg spillen 2-2 gläich, Kaiserslautern verléiert 0-2 géint Erzgebirge Aue.

Den 1. FC Kaierslautern huet no der weiderer Defaite géint den Aue reagéiert an hiren Trainer, Nobert Meier, entlooss. Hie war am Januar dëst Joer eréischt neie Chef-Trainer ginn. De Club reagéiert domat op de katastrofale Start an d'Saison, mat nëmmen 2 Punkten no 7 Matcher.

Bis en neien Trainer designéiert gëtt, iwwerhëlt de Manfred Paula, dee sech bis ewell ëm den Nowuess-Zenter gekëmmert huet, de fräie Posten.

Fir de Kont vum 5. Spilldag an Italien gëtt et een 1-1 Remis tëscht dem FC Bologna an dem Tabellenéischten Inter Mailand.

A Spuenien iwwerrennt den Tabellenéischten FC Barcelona Eibar mat 6-1. Net manner wéi véier Goaler goungen op de Kont vum Lionel Messi.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.