RTL-InformatiounenPascal Hens neien Nationaltrainer vu Volleyball-Dammen?

Geheimniskréimerei a Konfusiounen am Volleyball-Milieu wat den neie Lëtzebuerger Dammennationaltrainer ugeet.

Déi eng Quellen hunn dovu geschwat, datt de Belsch Pascal Hens neie FLVB-Coach géif ginn, anerer soen et wär net de fréiere Lëtzebuerger Beachvolleyballnationaltrainer.

Sécher schéngt awer ze sinn, datt deen neien Trainer aus der Belsch kënnt. Um Donneschdeg den Oowend ass eng Pressekonferenz, wou deen neie Mann da soll virgestallt ginn.