FOTOEN: ATP-Tournoi zu MetzDe Gilles Muller verléiert géint den Nikoloz Basilashvili

No engem Fräilous am 1. Tour huet de Gilles Muller um Donneschdeg an der 1/8-Finall vum ATP-Tournoi zu Metz an zwee Sätz verluer.

© pressphoto

Reaktioun vum Gilles Muller no Defaite / Rep.Franky Hippert



No deene phenomenalen éischte 6 Méint vum Joer, spiert de Gilles Muller an de leschte Wochen e bëssen de Contre-Coup. De Lëtzebuerger verléiert um Donneschdeg am 2. Tour vum ATP-Tennis-Tournoi zu Metz an 2 Sätz 4:6 a 4:6 géint de Nikoloz Basilashvili. Géint de Georgier, deen an der Weltranglëscht als Nummer 64 41 Plazen hannert dem Muller steet, war fir de Spiller vun der Spora um Donneschdeg an der aktueller Verfaassung näischt ze huelen.

FOTOGALERIE: Andréck vun de Moselle Open zu Metz vum Roland Miny

An dobäi hat een am Ufank vum Match den Androck, datt et nees besser géif goen, wéi bei der US-Tournee virun engem Mount. Vum Niveau hier huet de Gilles Muller fonnt, datt säin Niveau regelméisseg war, och wann en net all ze héich war. Donieft huet de Georgier de Match iwwer méi Drock opgebaut an dat huet dozou gefouert, dass en um Enn gewonnen huet, sou de Gilles Muller.

Mat just 62 Prozent vun den éischte Servicen déi koumen, ass et schwéier fir de Muller sech op héchstem Niveau kënnen ze behaapten. De 34 Joer ale Lëtzebuerger riet dann och näischt schéin a muss kloer unerkennen, dass de Georgier méi staark war a verdéngt gewonnen huet.

De Basilashvili huet op all Ball gehummert, an hat um Donneschdeg och déi néideg Reussite, datt all Ball dra gaang ass.

De Gilles Muller spiert d'Nowéie vun enger exzeptioneller Saison mat als Héichpunkt der Victoire zu Wimbledon géint den Nadal. Wéi eidel d'Batterien op mentalem an doduerch och op physeschem Plang am Moment sinn, ass fir de Lëtzebuerger Sportler vum Joer op enger Skala vun 0 bis 10, schwéier ze soen. Insgesamt fillt de Lëtzebuerger sech och am Alldag midd a mierkt dat och an alldeegleche Situatiounen, wou en net déi Rou huet, wéi dat soss de Fall ass. De Lëtzebuerger mierkt och eng gewëssen Nervositéit an och de Schlof ass net méi esou gutt. Symptomer, déi de Gilles Muller wuel kennt, awer net zu dësem Zäitpunkt vun der Saison.

Am Prinzip huet de Gilles Muller elo säin nächste Rendez-vous Ufank Oktober zu Tokio.



Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.