VIDEO: High Performance Training & Recovery CenterE professionelle Kader fir Sportler an der Coque

De Lëtzebuerger Sport kritt ee sougenannten "High Performance Training & Recovery Center". Schonn 2018 sollen d'Sportler dovunner kënne profitéieren.

E professionelle Kader fir Sportler an der Coque (21.09.2017)
De Lëtzebuerger Sport kritt ee sougenannten "High Performance Training & Recovery Center".

Den "High Performance Training & Recovery Center" ass virun allem geduecht, fir dass d'Lëtzebuerger Top-Athlete besser Trainingsméiglechkeete kréien. An deem Zenter, deen an d'Coque integréiert gëtt, sollen d'Sportler professionell encadréiert ginn.

High Performance Training / Reportage Rich Simon

Ënnert anerem kënne se op verschidde Servicer wéi Leeschtungsdiagnostik, Videoanalysen an och Regeneratiounsmesuren zeréckgräifen. Dofir gëtt an der Coque moderniséiert, ëmgebaut a renovéiert an och eng Tartanbunn gëtt bäigebaut. De Käschtepunkt läit bei 4,5 Milliounen Euro. Déi Zomm gëtt integral vun der Coque gedroen. Fir déi lafend Käschten awer ze decken, wéi zum Beispill fir déi vum Personal, kritt d'Coque eng sougenannten Enveloppe Budgétaire. Wéi héich déi ass, konnt de Sportminister Romain Schneider nach net soen. Eng genee Zomm wäert ee bei der Budgetspresentatioun vum Finanzminister den 18. Oktober gewuer ginn.

Um Konzept vum "High Performance Training & Recovery Center" huet ënnert anerem de Frederic Margue matgeschafft.  Dem Sportwëssenschaftler säi Wësse war schonns bei Bayern München gefrot an hien huet bis dat leschte Joer och Trainingsprogrammer fir den Tony Martin gemaach, deen dat leschte Joer nach Weltmeeschter am Zäitfueren am Cyclissem war.

De Frederic Margue weess, dass esou een Zenter, wéi deen deen elo geplangt ass, wichteg fir de Lëtzebuerger Sport ass. D'Lëtzebuerger Sportler sollen an Zukunft net méi mussen an d'Ausland goe fir déi néideg Ënnerstëtzung ze kréien. Et schafft een eenk mat hinnen zesummen, fir hir Besoinen ze kennen a kënn drop ze reagéieren.

Schonns Enn 2018 sollen d'Lëtzebuerger Héichleeschtungssportler schonns zum Deel vum "High Performance  Training & Recovery Center" kënne profitéieren. An enger zweeter Phase sollen och privat Clienten kënne an den Zenter goen. Déi mussen dann awer fir déi verschidde Servicer, déi ugebuede ginn, bezuelen.

PDF: Dossier vun der Coque

PDF: Erklärungen iwwert de Projet

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.