VIDEO: Cyclocross BrouchVincent Dias Dos Santos wënnt bei der Elite

De Weekend ass den Optakt vun der neier Cyclocross-Saison. De Nicolas Kess wënnt bei de Junioren virum Cédric Pries an dem Loïc Bettendorf.

Vincent Dias Dos Santos went de Cyclocross zu Brouch (01.10.2017)
E Sonndeg war den Optakt vun der neier Cyclocross-Saison.
De Vincent Dias Dos Santos vun Téiteng kënnt bei der Elite op déi éischte Plaz. Hie gewënnt virum Misch Leyder, deen domat och éischten Espoir gëtt. Op déi drëtte Plaz kënnt de Lëtzebuerger Champion Scott Thiltges vun Alzeng.

Bei den Damme wënnt d'Mieke Deroo aus der Belsch virum Laetitia Maus.

Bei den Debutanten ass de William Leclerf aus der Belsch dee Séierste gewiescht. De Podium gëtt komplettéiert vum tom Paquet aus Frankräich a vum 1. Lëtzebuerger, de Mika Lamesch. Bei den Damme gouf et eng Victoire fir d'Marie Schreiber.

De Cyclocross zu Brouch ass och déi éischt Manche vum Skoda Cross Cup.

PDF: Resultater vum Cyclocross zu Brouch

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.