VIDEO: Op Besuch beim Ni Xia LianD'Lëtzebuerger Dëschtennisspillerin am Portrait

Mat 54 Joer spillt d'Ni Xia Lian nach ëmmer op engem ganz héijen Niveau an elo krute mir een Abléck an d'Privatliewe vun der Lëtzebuergerin.

Op Besuch beim Ni Xia Lian (23.10.2017)
Esou oppen a privat hu mer d'Dëschtennispillerin Ni Xia Lian nach ni kenne geléiert.

Si war Welt- an Europameeschter an d'Lëtzebuerger Nationalspillerin huet nach viru kuerzem e Weltrekord opgestallt. Nieft dem Erfolleg no baussen huet d'Nationalspillerin privat awer haart Zäiten hannert sech a seet: "Dëschtennis huet mir wierklech alles ginn, mä och esouvill ewech geholl". Wat hire Fils domat ze dinn huet, wéi d'Ni Xia Linn op hir erfollegräich Carrière zréckkuckt an ob si elo mat 54 Joer driwwer nodenkt, de Pingpong Schléier un de Nol ze hänken huet si dem Lea Schwarz bei sech doheem erzielt.

Famill an Dëschtennis, dëst sinn déi wichtegst Saache fir d'Ni Xia Lian. Zesumme mat hirem Mann dem Tommy Danielsson, deen och gläichzäiteg hiren Trainer ass, hirer Mamm an hirem Bouf Willy lieft si zesummen.

Dat war net ëmmer esou. Nach 2003 huet een tragesche Schicksalsschlag hiert Liewe markéiert. Bei der Scheedung am Joer 2003 krut si d'Suergerecht vum deemools 11 Joer ale Willy ewechgeholl. Dëschtennis war deen Ament keen Thema. Si huet den Dëschtennis opginn an huet esou d'Olympesch Spiller 2004 zu Athen verpasst. Zu där Zäit war d'Lëtzebuergerin an der Top 10 vun der Weltranglëscht.

Bis an d'Nonzeger Joren huet d'Ni Xia Lian fir China gespillt. Ewéi d'Grenzen opgaange sinn, hu vill Sportler d'Land verlooss. Esou och d'Ni Xia Lian. No engem kuerze Stopp an Däitschland, ass si iwwer den deemolege Nationaltrainer a Lëtzebuerg komm. D'Dëschtennisspillerin huet vill erreecht an hirer Karriär. Si war Sportlerin vum Joer, Europa- a Weltmeeschterin.

Haut spill d'Ni Xia Lian nëmmen nach niewebäi Dëschtennis. Fir si steet d'Famill elo un éischter Stell, den Dëschtennis fir d'Lëtzebuerger Nationalequipe ass elo méi een Hobby, ewéi ee Vollzäitjob.

Si schafft gären doheem a verbréngt gären Zäit mat der Famill. Den Tommy Danielsson ass Nationaltrainer vun der Lëtzebuerger Dammennationalequipe an domat och vu senger Fra.

Mat 54 Joer ass si awer nach net ze al a si kann nach ëmmer mat deene Beschte mathalen. Eréischt am September bei den Austrian Open huet d'fréier Lëtzebuerger Sportlerin vum Joer ee Weltrekord opgestallt an dat fir de längste Match. 1 Stonn an 33 Minutten huet dëse Match gedauert. D'Kiischt um Kuch, si huet de Match souguer gewonnen. De Beweis, dass den Dram vun den olympesche Spiller 2020 zu Tokio lieft.

RTL-News: Weltrekord: Ni Xia Lian wënnt no 14 Matchbäll a kënnt an d'1/8-Finall

Gutt Resultat um Donneschdeg bei de Polish Open

Doppel Ni / de Nutte zieht souverän ins Achtelfinale ein

2017 ITTF Challenge Polish Open, 4.10.-8.10.2017 in Czestochowa (POL)

Bei den Polish Open haben Ni Xia Lian (WR 63) und Sarah de Nutte (124) einen erfolgreichen Start hingelegt. Im Doppel besiegte das luxemburgische Duo am Abend zunächst die Polinnen Anna Wegrzyn (362)/ Katarzyna Wegrzyn (425) mit 3-2 (6, -4, -17, 8, 8). Unmittelbar im Anschluss folgte ein 3-0-Triumph (11, 7, 2) gegen das Duo Mallika Bhandarkar (IND/358)/ Madhurika Patkar (IND/194). Die Gegnerinnen im Achtelfinale, das Spiel wird morgen Abend beginnen, sind noch nicht bekannt.

Zunächst bestreiten Ni Xia Lian und Sarah de Nutte morgen ihre Erstrundenspiele im Einzel und haben dabei hohe Hürden zu überwinden. Ni Xia Lian trifft um 12 Uhr mit Viktoria Pavlovich (61) aus WeiJrussland auf eine erfahrene und defensive Spielerin. Sarah de Nutte hatte ebenso kein Losglück. Sie muss um 12.50 Uhr gegen Dora Madarasz (HUN/104) antreten.

Damen-Doppel, Qualifikation
De Nutte Sarah (WR 124) / - Wegrzyn Anna (POL/362) / 3-2 6, -4, -17, 8, 8

Ni Xia Lian (63) Wegrzyn Katarzyna (POL/425)
De Nutte Sarah (WR 124) / - Bhandarkar Mallika (IND/358)/ 3-0 11, 7, 2

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.