VIDEO: Football Nations LeagueAttraktiv Kompetitioun, keng onattraktiv Frëndschaftsmatcher

D'UEFA Nations League, en interessante Challenge fir d'Rout Léiwen, mat der Chance sech iwwert dee Wee eventuell eng Kéier fir d'EM ze qualifizéieren.

Attraktiv Kompetitioun, keng onattraktiv Frëndschaftsmatcher (19.10.2017)
D'UEFA Nations League, en interessante Challenge fir d'Rout Léiwen, mat der Chance sech iwwert dee Wee eventuell eng Kéier fir d'EM ze qualifizéieren.
Vum nächste Joer un, gëtt et am europäesche Football nieft der EM an der WM och nach eng Nations League. Di Responsabel vun der europäescher Footballfederatioun hunn dësen Tournoi fir Nationalequippe virun 3 Joer decidéiert, mam Zil, déi éischter onintressant Frëndschaftsmatcher duerch eng méi attraktiv Kompetitioun ze ersetzen.

Fir dës Kompetitioun ginn déi 55 Natiounen dem UEFA-Koeffizient no a 4 Divisioune vun A bis D opgedeelt. An der Divisioun D fënnt d'FLF-Formatioun Equippen erëm wéi Wäissrussland, géint déi et jo an der rezenter WM-Qualifikatioun eng Victoire an e Remis gouf. Dernieft sinn den Aserbaidschan, Mazedonien a Georgien och mat dobäi.

De 24. Januar 2018 ginn zu Lausanne ënnert anerem an der Divisioun D déi 4 Gruppe mat all Kéiers 4 Equippen definéiert. Déi 6 Gruppematcher, 3 Allers- an 3 Retourmatcher, ginn dann am September, Oktober a November 2018 gespillt.

Intressant fir d'FLF-Formatioun ass, datt déi 4 éischt Equippen aus all Divisioun an engem Play-Off am Mäerz 2020 ëm jeeweils 1 Ticket fir d'EM streiden. Deemno ass eng Equipe aus dem Grupp D mat Sécherheet bei der EM 2020 mat dobäi.

Well d'Nations League d'Frëndschaftsmatcher ersetzt, gëtt um Kalenner vun den nationale Championnater net gefréckelt.

Eng nei Kompetitioun mat méi Ureiz, virun allem fir déi kleng europäesch Natiounen.

© Uefa.com


An der League A si vertrueden: Däitschland, Portugal, Belsch, Spuenien, Frankräich, England, Schwäiz, Italien, Polen, Island, Kroatien an Holland.

League B: Éisterräich, Wales, Russland, Slowakei, Schweden, Ukrain, Irland, Bosnien Herzegowina, Nordirland, Dänemark, Tschechien an Tierkei.

League C: Ungarn, Rumänien, Schottland, Slowenien, Griichenland, Serbien, Albanien, Norwegen, Montenegro, Israel, Bulgarien, Finnland, Zypern, Estland a Litauen.

League D: Aserbaidschan, Mazedonien, Wäissrussland, Georgien, Armenien, Lettland, Färöer Inselen, Lëtzebuerg, Kasachstan, Moldawien, Lichtenstein, Malta, Andorra, Kosovo, San Marino a Gibraltar.   

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.