VIDEO - Leopard RacingWeltmeeschter Mir wiesselt an d'Moto 2 bei Estrella Galicia

Schonn no 16 vun 18 Grand-Prixe stoung de Joan Mir als Weltmeeschter am Moto-3-Championnat fest.

Deen neie Moto-3-Weltmeeschter heescht Joan Mir (05.11.2017)
Leopard Racing mam zweeten Titel no 2015. De Pilot verléisst d'Ecurie awer.
Den 20 Joer ale Spuenier fiert zanter 3 Joer bei Leopard Racing. 2015 als Ersatzpilot, d'lescht Saison ass de Mir "Rookie of the Year" ginn an huet ee Grand-Prix gewonn.

Den Duerchbroch koum 2017: De Joan Mir huet dës Saison 10 Victoiren agefuer a stoung donieft nach 2 Mol um Podium. De Mallorquiner huet am WM-Klassement 321 Punkten. De Zweete Romano Fenati der 235.

Den zweete Leopard Livio Loi steet aktuell op Positioun 12.

De Joan Mir wiesselt fir 2018 an de Moto-2-Championnat bei Estrella Galicia. Leopard bleift an der Moto 3 WM an huet 2 Italiener engagéiert. De Lorenzo Delaporte an den Enea Bastianini.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.