Lamera Cup zu DijonLëtzebuerger Team kënnt op exzellent Plaz 5 am General

Am Kader vum Lamera Cup war de 27.-28. Oktober och nees e Lëtzebuerger Team um Depart bei der Course zu Dijon. Si ginn déi exzellent 5. am General.

Fir d'Team Luxmotor ugetruede waren de Gilles Bruckner, de Loris Cencetti, den Tommy Rollinger an de Richard Philippe. 

Am Qualifying sinn zwee Piloten ugetrueden an hir Zäite goufen addéiert. Schonn do huet sech gewisen, dass d'Team gutt opgestallt war. Si goufen déi 7. ënner 34 Konkurrenten. 

Déi 10 bescht Teams sinn dunn nachemol an der Superpole ugetrueden, wou d'Lëtzebuerger déi 5.-séierst Zäit gefuer sinn.

An der Course du konnte se hir 5. Plaz bis zum Enn verdeedegen. An hirer Kategorie Pro Am gi se déi Zweet ënner 5 Equippen. En duerch an duerch erfollegräiche Weekend also. 

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.