VIDEO: U19-EM-QualifikatiounLëtzebuerg verléiert 1:3 géint Schottland

Gespillt gëtt d'Qualifikatioun fir d'Europameeschterschaft a Form vun engem klengen Tournoi. Beim Optakt gouf et e Mëttwoch den Owend eng Defaite.

U19 verléiert 1:3 géint Schottland (09.11.2017)
Hei d'Biller vun de Goaler an eng Reaktioun vum Manuel Cardoni.
D'Lëtzebuerger U19-Nationalequipe war an der 47. Minutt duerch de Schaus mat 1:0 a Féierung gaangen. D'FLF-Formatioun konnt dëse Virsprong awer net iwwert déi 90 Minutten halen. No 73 Minutte konnt den Duffy fir d'Schotten op 1:1 ausgläichen. An der 86. Minutt konnt den Hornby d'Gäscht mat 2:1 a Féierung bréngen an an der Nospillzäit huet den Aitchison nach fir den 3:1 gesuergt. Domadder verléiert d'Lëtzebuerger U19 um Holleschbierg den Optaktmatch géint Schottland mat 1:3.

De nächste Rendez-vous ass den 11. November géint Tschechien.

© Tom Flammang / RTL Télé Lëtzebuerg


Virschau op d'U19-EM-Qualifikatioun
Vun haut bis den nächsten Dënschdeg spillt déi Lëtzebuerger U19-Football-Nationalequipe d'Europameeschterschaftsqualifikatioun, déi a Form vun engem Mini-Tournoi hei am Land ass.

D'Equipe vum FLF-Nationaltrainer Manuel Cardoni kritt et den Owend um 19 Auer zu Hesper mat Schottland, en Samschdeg um Escher Gaalgebierg mat Tschechien an en Dënschdeg zu Wegdichen mat Armenien ze dinn.

Pronosticken iwwert den Ausgang vun där Qualifikatioun ze maachen, ass schwéier ...

Football: U19-EM-Qualifikatioun - Rep. Franky Hippert



... dat seet op jiddwer Fall de Lëtzebuerger U19-Nationaltrainer Manuel Cardoni: Et hätt een am Fong wéineg Informatiounen iwwer de Géigner, villes géif op Internet-Infoe baséieren an déi wieren net ëmmer ganz exakt. Prognose wéilt en dann och keng maachen.

An de leschte Méint huet déi Lëtzebuerger U21 jo scho positiv op sech opmierksam gemaach, mat ënnert anerem enger Victoire a Bulgarien an engem Remis géint Slowenien. Et ass dann och ze héieren, datt och an de Kategorien ënnen drënner, eben och bei den U19 richteg vill Potenzial ass ... Eng Partie vun hinne waren dann och scho bei den U21 derbäi.

An deenen do Kategorien ass d'Entwécklung vun de Spiller awer nach ëmmer dat primäert Zil, seet den U19-Nationaltrainer Manuel Cardoni.

Lass geet et, wéi gesot, haut mat deem Mini-Europameeschterschafts-Qualifikatiounstournoi hei zu Lëtzebuerg fir d'Rout Léiwen e Mëttwoch den Owend um 19 Auer zu Hesper um Holleschbierg géint Schottland.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.