Sportholz-Weltmeeschterschaft zu LillehammerMike Berkes mat 2 neie Landesrekorder

De Lëtzebuerger ass bei de Stihl Timbersports Series op eng 14. Plaz komm.

© Stihl Timbersports

Bei der Weltmeeschterschaft zu Lillehammer an Norwegen vun de Stihl Timbersports Series vum 2. bis de 4. November kënnt de Lëtzebuerger Mike Berkes am rout-wäiss-bloen Trikot op déi 14. Plaz an huet mat perséinleche Beschtzäiten och 2 nei Landesrekorder realiséiert.

© Stihl Timbersports

Schonn am Virfeld bei de Benelux Meeschterschaften am Sportholzfällen zu Sittard an Holland konnt de Sportler sech mat enger 15. Plaz fir Lillehammer qualifizéieren. Bis kuerz virum Enn vun der Competitioun louch de Berkes op der 14. Plaz. Eng Disqualifikatioun bei der "HotSaw"-Kategorie huet awer dann nëmme fir déi 15. Plaz gesuergt. Den anere Lëtzebuerger Marc Hermes ass op déi 23. Plaz komm.

© Stihl Timbersports


Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.