Dëschtennis: German OpenXia Lian an de Nutte verpassen d'1/4-Finall knapp

No enger ganz staarker Leeschtung hunn d'Sarah de Nutte an d'Ni Xia Lian sech knapp mat 2:3 géint en Duo aus dem Taiwan misse geschloe ginn.

Déi zwou Lëtzebuergerinnen hunn hir Géignerinnen iwwerrascht, no zwee gewonnene Sätz loungen d'Ni Xia Lian an d'Sarah de Nutte am véierte Saz a Féierung an hate gutt Aussiichten op eng Victoire. Um Enn war den Duo aus dem Taiwan awer méi staark. Fir d'Lëtzebuergerinne sinn d'German Open zu Magdeburg eriwwer, si preparéiere sech elo op d'Swedish Open.

PDF: Resultater vun den German Open