VIDEO:Sportminister confirméiert: Vëlodrom an noer Zukunft gebaut

De Romain Schneider huet dat en Donneschdeg den Owend am Kader vum 100. Gebuertsdag vun der Lëtzebuerger Vëlosfederatioun confirméiert.

Sportminister confirméiert: Vëlodrom an noer Zukunft gebaut (10.11.2017)
Déi Responsabel vun der Gemeng a vum Sportsministère solle sech iwwert de Prinzip vu engem Vëlodrom an der Gemeng Munneref eenz sinn.

Déi Responsabel vun der Gemeng a vum Sportsministère solle sech iwwert de Prinzip vu engem Vëlodrom an der Gemeng Munneref eenz sinn. D'Gemeng Munneref soll Bauhär vun enger neier Sportshal an enger neier Schwämm ginn. De Vëlodrom gëtt jo an d'Sportshal integréiert. Duerch dës Approche brauch d'Vëloswelt net ze waarden, bis de Projet vum Munnerefer Lycée Realitéit gëtt. Well de Vëlodrom en nationale Charakter huet, iwwerhëlt de Sportsministère 70% vun de Käschten. Duerch de regionale Charakter vun der Schwämm a vun der Sportshal ginn do 50% subventionéiert. Déi Sportinfrastrukturen, déi um nämmlechte Site si wéi den zukünftege Munnerefer Lycée, ginn natierlech och vun deene Schüler genotzt. D'Terraine fir dat Ganzt sinn an ëffentlecher Hand.

An deenen nächste Woche sollen déi politesch Responsabel aus der Thermalstad en Architekteconcours lancéieren. Et hofft een, am Fréijoer éischt Pläng kënnen ze presentéieren. Am Moment géif um Cahier de Charge geschafft ginn. D'Lëtzebuerger Vëlosfederatioun géif och hir Wënsch mat abrénge kënnen.

Vëlodrom kënnt / Reportage Rich Simon



Op der 100 Joer Feier vun der FSCL huet de Romain Schneider da confirméiert, datt e Vëlodrom soll gebaut ginn. Dat net nëmme virun de Vertrieder vun der Lëtzebuerger Vëlosfederatioun, ma och viru ville Presidenten vun auslännesche Federatiounen. Nieft der Ukënnegung vum Minister goufe nach weider Riede gehalen, dorënner déi vum President vun der internationaler Vëlosfederatioun, dem Fransous David Lappartient, dee seng Visioun vum zukünftege Cyclissem deene ronn 300 Invitéen erkläert huet.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.