BundesligaFlorian Kohfeldt gëtt neie Cheftrainer bei Werder Bremen

E Freideg huet de Veräin aus der Däitscher Bundesliga matgedeelt, dass den Interimscoach Florian Kohfeldt den neie Cheftrainer gëtt.

© Werder Bremen
De Florian Kohfeldt sollt op d'mannst bis d'Wanterpaus de Cheftrainer vu Werder Bremen bleiwen. D'Zil ass et de Veräin eraus aus dem Tabellekeller ze féieren.

De Kohfeldt freet sech iwwert d'Chance, déi de Veräin him gëtt, a wëllt dës och notzen.

Den neien Trainer hat déi sportlech Responsabilitéit Enn Oktober no der Entloossung vum Nouri iwwerholl. Den 1. Match mam Kohfeldt op der Trainerbänk huet Bremen de leschte Weekend zu Frankfurt mat 1:2 verluer.




Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.